Am Kader vun der aktueller Fussball-Weltmeeschterschaft ginn et vill Diskussiounen, souwuel politesch wéi och sportlech. Mir interesséiere eis elo awer mol fir den ekonomesche Volet.

24/11/2022 Wéi leeft de Verkaf vu WM-Artikelen?

An zwar wollte mer wëssen wéi aktuell de Verkaf vu WM-Artikelen leeft. Well d'WM elo am Hierscht ass an net am Summer gouf sech och bei de Geschäfter anescht organiséiert.

De Patron vum Asport Marc Haentges erkläert:

"Mir bestellen déi Trikoten ëmmer 6-7 Méint am viraus. Éischtens well déi Weltmeeschterschaft elo an de Wanter erafält hu mer wesentlech manner bestallt well einfach déi ganz Public Viewingen wou d'Leit zesummen op den Terrasse kucken ginn hei an Europa an och zu Lëtzebuerg, dat kenne mer an de Calcul net mat eranhuelen an do hu mer dann och eng Partie manner bestallt an et bestätegt sech, dass dat dann och de richtege Wee war."

Manner Artikelen déi also verkaf ginn, et wier dat agetraff wat een sech erwaart huet.

"Jo dat ass scho wéi mer et erwaart hunn, et gëtt natierlech elo extrem vill Negatives verzielt, wat bestëmmt och seng Berechtegung huet, mä dem Commerce déngt dat natierlech net. Iergendwou soll um Enn vum Dag dann awer Fussball gespillt ginn an eigentlech hu mer eis duerch déi ganz Pandemie dann awer verdéngt fir e puer flott Momenter ze hunn an déi huele mer eis selwer an doduerch ass de Commerce hannendran. Awer net nëmmen de Commerce. Ech mengen wann der e Bistro oder esou frot, wäert et genau selwecht sinn." 

Schwätze mer nach iwwer d'Artikelen selwer: den offizielle Ball war séier vergraff, deen ass awer och méi limitéiert ugebuede ginn.

Fir de Rescht sinn et d'Trikoten an d'Fan Artikelen déi sech am beschte verkafen, vum Schal bis zur Kap.

Wéi en Trikot geet dann am beschten? Nachemol de Marc Haentges

RTL

"Hei zu Lëtzebuerg ass et eigentlech ëmmer dee portugiseschen Trikot deen am Ufank extrem gutt geet. A wann d'Portugisen net méi derbäi sinn kafen déi dee brasilianeschen. An da sinn et natierlech déi europäesch Länner Däitschland, Holland, Frankräich. An d'Belsch virun allem elo an de leschte Joer huet sech als richtege Boom entwéckelt. Dat sinn déi Trikoten déi ëmmer gutt verkaf ginn. An dann iergendwéi an der éischter Ronn do ass ëmmer en Exot deen sech erausfiltert. Dat ass deen deen e sympathesche Spiller huet oder villäicht e puer flott Matcher mécht an dat ass all WM iergend en anert Land an dann huet een op de richtege gesat oder net."

Mol kucken wéi eng Exoten sech dann elo dës Kéier an der Virronn erauskristalliséieren.