Et gëtt de Lëtzebuerger Buchpräis, Theaterpräis a Kontschpräis. Ma vun dësem Joer u gëtt et och de Lëtzebuerger Musekspräis. A 5 verschidde Kategorien hunn d'Artisten aus der Museksbranche d'Méiglechkeet e Präis ze gewannen.

23/11/2022 Lëtzebuerger Musekspräisser

Et gëtt de Lëtzebuerger Buchpräis, Theaterpräis a Konschtpräis. Ma ab dësem Joer gëtt et och de Lëtzebuerger Musekspräis. An 5 verschidde Kategorien hunn d'Artisten aus der Museksbranche d'Méiglechkeet e Präis ze gewannen.
 
Am Kader vum Kulturentwécklungsplang 2018-2028 gouf dëst Joer de Lëtzebuerger Musekspräis an d'Liewe geruff. Et geet drëms déi artistesch an déi kulturell Kreatiounen hei am Grand-Duché ze fërderen. De Joé Haas vum Kulturministère.

"D'Lëtzebuerger Musekspräisser ginn dëst Joer eng éischte Kéier organiséiert a sollen eng remarquabel musikalesch Produktioun vun deene leschten 3 Joer awer och doriwwer eraus éieren. Et ass och op fir de Public. Deemnächst kommen do och Ticketen eraus an et ass natierlech gratis. Et geet drëm all artistesch a kulturell Expressioun am nationale Beräich an de verschiddene Secteuren aus der Kultur auszezeechnen".

Ënner anerem si folgend Kënschtler nominéiert:
De Benjamin Kruithof an der Kategorie "Nowuestalent", d'Lëtzebuerger Band TUYS an der Kategorie "Op der Bün" an de Museksgrupp Hunneg-Strëpp an der Kategorie "Fräizäitmusek".

Dann ginn et awer och nach d'Kategorien "Hannert der Bün" a "Musekvermëttlung". Ma nieft dëse 5 Präisser gëtt et awer och nach eng weider Éierung.

"An engem éischte Schrëtt gëtt iwwert all Nominéierten en Documentaire opgestallt, firwat en iwwerhaapt nominéiert ass, wat hier Verdéngschter sinn, wat eventuell Präisser sinn, déi se schonns gewonnen hunn an och natierlech wéi hir Karriär an deene leschte 4-5 Joer verlaf ass".

An der Jury sëtze just Leit déi professionell an der Musekszeen schaffen. Et sinn deemno Profien um Wierk.

"Et gëtt awer och nach e 6te Präis, deen direkt vum Jury nominéiert gëtt an och den Owend selwer réischt publizéiert gëtt an do handelt et sech eben em de nationale Musekspräis, deen engem Artist oder enger Artistin ebe fir seng oder hier Karriär, Wierk an Engagement fir d'Lëtzebuerger Musek soll éieren".

Duerno décidéiert de Jury iwwert ee Gewënner pro Kategorie. Nieft der Éier an dem Präisgeld, kënnen sech d'Gewënner och nach op eng originell Coupe, déi vun der Kënschtlerin Laurie Lamborelle entworf ginn ass, freeën. D'Gewënner ginn dann den 21. Dezember an der Rockhal zu Esch/Belval geéiert. Do dobäi wäert dann och d'Kulturministesch Sam Tanson sinn.

Hei déi vollstänneg Lëscht mat de Nominéierten:

Lëtzebuerger Musekspräis, catégorie «Nowuestalent»
Doté de 2.500 euros, ce prix récompense une carrière prometteuse qui se démarque par le dynamisme de son parcours et l'excellence de ses réalisations récentes.

Les nominé/es sont:

    Pit Brosius
    Francis of Delirium
    MAZ
    CHAILD
    Benjamin Kruithof

Lëtzebuerger Musekspräis, catégorie «Op der Bün»
Doté de 3.500 euros, ce prix récompensant un/e ou plusieurs artistes (interprètes et auteurs/autrices-compositeurs/trices) ayant présenté un projet musical particulièrement réussi ces trois dernières années.

Les nominé/es sont:

    Francis of Delirium
    MAZ
    Reis Demuth Wiltgen
    Artemandoline
    TUYS

Lëtzebuerger Musekspräis, catégorie «Hannert der Bün»
Doté de 3.500 euros, ce prix honore le travail créatif d'une personne ou d'une équipe à l'arrière-scène sur un projet musical des trois dernières années (ingénieur/e du son, technicien/ne de lumière, manager, producteur/trice de spectacle, booker, éditeur/trice, administrateur/trice, etc.).

Les nominé/es sont:

    Stéphanie Baustert
    Tom Gatti
    Charles Stoltz
    Konektis Entertainment
    Sacha Hanlet

Lëtzebuerger Musekspräis, catégorie «Fräizäitmusek»
Doté de 2.500 euros, ce prix récompense le mérite exceptionnel et l'engagement durable d'une ou d'un groupe de personnes qui s'impliquent remarquablement pour la musique pendant leur temps de loisir, sans pour autant poursuivre de carrière professionnelle.

Les nominé/es sont:

    Big Band OPUS78
    Orchestre National des Jeunes
    Hunnegstrëpp
    Luxembourg Philharmonia
    Festival Koll an Aktioun

Lëtzebuerger Musekspräis, catégorie «Musekvermëttlung»
Doté de 3.000 euros, ce prix récompense un projet, une personne ou une équipe remarquable/s dans la médiation de la musique et le développement des publics.

Les nominé/es sont:

    Konektis Entertainment
    OCL
    Two Steps Twice
    Beast
    Klengen Maarnecher Festival