Wou geet ee spontan no Eewäiss sichen? Fleesch, Mëllech, Fësch. Oder? Et ginn awer Alternativen. Dëse Freiden invitéiert den IBLA, den Institut fir Biologesch Landwirtschaft an Agrarkultur Lëtzebuerg, op déi 11ten Editioun vum Leguminosendag am Lycée Technique Agricole zu Gilsdref. 

24/11/2022 IBLA-Leguminosen

Dëst Joer ass de Motto, Lupinen, Lënsen & Co, wat eng Alternative vu Eewäissquellen fir Mënsch an Déier hei zu Lëtzebuerg ass. Entweder digital oder op der Platz an der Akerbauschoul. D'Stépanie Zimmer, Direktesch vum IBLA, iwwert de Programm e Freiden:

"Dat heescht dëse Freiden hu mir eng ganz Rei vu nationalen an internationale Riedner di eben alternativ Eewäissquellen opweisen, déi souwuel fir de Mënsch wéi och fir d'Déier geduecht sinn. An och den IBLA stellt eben national Fuerschungsresultater an dësem Ëmfeld vir. Et ass eben de Fokus net nëmmen op d'Déier gesat an op d'Landwirtschaft, mee och op de Mënsch, also op di mënschlech Ernierung. Dann awer och ganz spannend, zwee Lëtzebuerger Biobaueren déi scho Leguminos fir mënschlech Ernierung ubauen, wat hei zu Lëtzebuerg nach net sou oft de Fall ass. Zum Schluss ass nach e Virtrag, och ganz spannend, do geet et dann och méi ëm Déiere fidderen. An och hei ginn et Alternativen, villäicht ginn eis Déieren an Zukunft mat Insekte gefiddert, wie weess."

Mee wat stellt ee sech genee ënnert "Leguminos" op sou engem "Leguminosendag" vir?

"Leguminosen sinn Eewäissplanzen. Dir kennt villäicht Ierbessen, Bounen oder Sojabounen. Dat heescht, et ass eise grousse Bausteen an der Ernierung, Eewäissproteinnen. An de Lëtzebuerger hëlt dat haaptsächlech zou sech a Form vu Fleesch oder Mëllechproduiten. All Lëtzebuerger ësst 93 Kilo Fleesch pro Joer, gesond wieren 32 Kilo. Mee natierlech fir dat Fleesch oder di Mëllech hierzestellen, brauchen och d'Béischten Eewäiss. An dëst Eewäiss kréie se a Form vu Soja gefiddert."

Dee Soja kënnt net aus Lëtzebuerg wéi och net aus Europa, mee e gëtt aus den USA, Brasilien oder Argentinien importéiert. Leider ginn esou vill Bëschgebidder ofgeholzt, wat guer net gutt fir de Klima ass. Wann Iech dat interesséiert, kënnt dir Iech gären umellen. De Leguminosendag gëtt och als eng Weiderbildung ugesinn, op Nofro kënnt dir en Zertifikat ausgestallt kréien.

De Link wou dir Iech umelle kënnt, wéi och nach weider Detailer fannt dir op: Radio.rtl.lu

https://ibla.lu/agenda/11-leguminosentag/