De 26. November ass den internationalen Dag vum Aide-soignant. Si spillen eng ganz wichteg Roll an der alldeeglecher Betreiung wéi och an der Fleeg vun de Clienten, virun allem a Centres de jours, betreit Wunnen, an de Spideeler, a Fleegeheemer oder an der ambulanter Betreiung doheem.

24/11/2022 Den internationalen Dag vum/vun der Aide-soignant(e) internet 1.0

Dës engagéiert Fraen a Männer, déi sech all Dag ëm d'Wuel vun eelere Leit oder kranke Leit këmmeren an hinne mat den alldeegleche Schwieregkeeten hëllefen. An dat virun allem och an der Corona Kris. All Dag, trotz heiansdo ganz schwieregen Ëmstänn an zousätzleche Belaaschtungen, hu se weider eng exzellent Aarbecht gemaach. Besonnesch am Ufank vun der Pandemie war d'Fleegepersonal engem erhéichte Risiko fir sech unzestiechen ausgesat. De Castor Aguilera, Fleegedirekter vun Help, erkläert wéi wichteg d'Roll vum Aide-soignant an der Fleeg ass?

"Eng Aide-soignante bei eis am Reseau, ass eng ganz wichteg Persoun et ass e ganz wichtege Beruff. Een Drëttel vu eisem Personal sinn Aide-soignanten, wou mir am Alldag brauchen, fir zesummen ze schaffen an der Equipe zesummen, mat engem Kiné mat Infirmière mam Ergotherapeuten. An u sech ouni Aide-soignante kann ee vill Saachen net méi maachen, da misst ee vill méi Infirmièren huelen, respektiv aner Beruffer di villäicht net dës Qualifikatiounen hu wou awer den Aide-soignant huet. Also bléift d'Aide-soignant nach ëmmer e ganz wichtege Beruff."

En Aide-soignant hëlleft de Patiente mat den alldeegleche Saachen, zum Beispill mam Iessen, mat der Mobiliséierung oder der Hygiène a fërderen d'Gesondheet an d'Onofhängegkeet vun de Clienten. Si kënnen och mat hinnen un Aktivitéiten deelhuelen, déi den Austausch a soziale Bezéiunge fërderen. D'Aide-soignante ass méi wéi just eng einfach Aarbecht, jiddereen deen eng Karriär am Fleege-Beräich wielt, mécht dat aus Leidenschaft, a Solidaritéit. Wat soll ee da vu Viraussetzunge matbréngen?

"Also di aller wichtegst Viraussetzung fannen ech ass, ass de Mënsch selwer gäre hunn. Ouni de Mënch gären ze hunn, gëtt et e bëssi schwiereg. Och wann ee sech an de Beruff eraschafft a léiert, wäert ee ganz vill vum Mënsch léieren a kenneléieren. Wat zum Beispill Gesondheet ass, dass et net nëmmen eng physesch Gesondheet gëtt, mee och eng psychologesch wéi och eng sozial. Do fänkt een a senger Ausbildung lues a lues u vill méi de Mënsch kennenzeléieren."

RTL

© Help

Ginn nach Aide-soignante gesicht?

"Aide-soignante gi bei eis ëmmer gesicht, si ginn ëmmer gebraucht ewéi och gesicht. Eis Bevëlkerung ass ëmmer um wuessen. Et kommen ëmmer méi Leit hei an eist Land wunnen, a mir kréien ëmmer méi eeler Leit. Dat heescht mir brauchen ëmmer méi Fleeger a mir brauchen onbedéngt ëmmer méi Aide-soignante."

De Beruff ass ganz ofwiesslungsräich, dir kënnt op verschidden Domänen ëmklammen, geziilt Formatiounen ofschléissen an iwwert d'Joren iech weider spezialiséieren an äert Wëssen ausbauen.

Wann dir interesséiert sidd, fann dir all Detail iwwert den Aide-soignant oder d'Aide-soignante och op radio.rtl.lu- www.help.lu