No enger Woch Fussball-Weltmeeschterschaft, wéi gesäit et da bei iech mat der Fussball-Euphorie aus? Hutt der schonn deen neisten Trikot kaf a wéi vill Pechbiller fehlen iech nach am Panini Album?

28/11/2022 De Verkaf vu Panini-Albumen zu Lëtzebuerg

Genee iwwert dësen Kult-Album schwätze mer elo, speziell iwwert de Succès deen en dëst Joer huet.

Mir hunn dofir an der Belsch bei Panini nogefrot, déi këmmeren sech nämlech ëm d'Distributioun an de Verkaf hei zu Lëtzebuerg.

Den Thierry de Lattre du Bosqueau ass bei Panini fir eist Land responsabel an erkläert, dass et bei dëser Editioun vun der WM en Ënnerscheed gëtt par Rapport zu viregten Editiounen.

"Et ass keng Katastroph, mä et ginn der manner verkaf well manner Passage zu Lëtzebuerg ass an och well d'WM am Wanter ass. Dat selwecht ass och an der Belsch de Fall." 

Virun allem bei eis am Land wieren déi éischt 3-4 Wochen an deenen d'Albumen erauskommen déi wichtegst well do am meeschten verkaf gëtt, dat wier dëst Joer och anescht. Alles an allem wier d'Panini-Begeeschterung hei am Land awer grouss.

"Zu Lëtzebuerg ginn et vill Fussballbegeeschterter, och d'Portugisen maachen e groussen Deel vun deene Begeeschterten aus. Déi si jo och qualifizéiert, wat leider bei der italienescher Communautéit net de Fall ass."

Bei all Editioun ass natierlech net nëmmen den Album en aneren mä och d'Spiller déi dra sinn, esou wäerten dann och bei dëser Editioun nach Spiller dra sinn, déi een 2026 net méi erëm gesäit.

"Fir grouss international Spiller wéi de Messi ass et déi lescht WM, dofir ass dësen Album dann och ee speziellen well een hien a bestëmmt och vill aner Staren eng leschte Kéier an deem Album gesäit."

Eng wichteg Fro dann awer nach zum Schluss: ass elo ee Ronaldo oder e Messi manner dacks an engem Panini-Pak dra wéi anerer? Oder ass dat nëmmen e Gefill?

"Dat ass pueren Zoufall! Wa se an Italien produzéiert ginn an op engem 100x70 cm. grousse Pabeier geprint ginn, gi se duerno geschnidden an dann an d'Päckelcher verdeelt duerch eng Maschinn déi vun de Panini-Bridder an de 70er Joren erfonnt gouf."

A wann der elo äre Panini-Album nach net voll hutt, hautdesdaags mat de soziale Netzwierker geet dat nach méi einfach wéi dat soss de Fall war.