Wéi dacks huelen är Kanner eigentlech e Buch an de Grapp? Etüden aus Däitschland no, ass dat op d'mannst mol bei eisen däitschen Nopere manner de Fall wéi soss. Well vill Kanner net méi vun hiren Eltere virgelies kréien, geet och hir Motivatioun fir selwer ze liesen erof, wat fatal Auswierkungen op déi schoulesch Leeschtung kann hunn. Fir erauszefannen wéi et hei am Land mam Lies-Verhale vun de Kanner steet, huet de Bakir Demic mam Direkter vum SCRIPT, dem Luc Weis geschwat.

29/11/2022: Liesen d'Kanner nach genuch? (Internet)

Bal 1 vu 5 Kanner am Alter tëschent 1 an 8 Joer, kritt net méi vu sengen Eltere virgelies. Dat geet aus enger Etüd vun der Stëftung "Lesen" aus Däitschland ervir. Dobäi ass et wëssenschaftlech bewisen, datt d'Virgelies-Kréien am fréien Alter immens wichteg fir d'Entwécklung vum Kand ass, wéi eis de Luc Weis erkläert.

"D'Etüde weisen, wa Kanner méi wéi 5 mol an der Woch vun den Eltere virgelies kréien an dat vu fréi un, da si se herno statistesch op d'mannst wesentlech besser [an der Schoul], wéi déi Kanner, déi net virgelies kréien. Dofir ass de Constat, dee lo hei gemaach gouf an Däitschland, natierlech ganz préoccupant. Wann d'Elteren d'Bedeitung vum Virliesen net méi wouerhuelen, dann hu mir e seriöe Problem"

Och wann et nach keng exakt Etüden doriwwer ginn, wéi vill d'Kanner zu Lëtzebuerg genee liesen, léisst sech bei villen awer e groussen Interessi un der Lektür erkennen. Dem SCRIPT-Direkter no, sti verschidde Kanner allerdéngs dacks virun engem bestëmmten Defi.

"Dat ass e Problem, dee mir jo scho laang hunn, dass d'Sprooch vum Liese si virun Erausfuerderunge stellt, dass se also oft Liese léieren an enger Sprooch, déi net hir Mammesprooch ass. Doduerch kann et sinn, dass se am Liese villäicht net grad déi Entwécklung matmaachen, déi wënschenswäert ass. Mä insgesamt mierke mir, dass wa vill gelies gëtt, oder do wou vill gelies gëtt, do sinn d'Kanner och besser am Liesen an do hu se och besser Schoulresultater"

De SCRIPT stellt de Schoulen eng Rei Tools zur Verfügung, déi d'Kanner dozou motivéiere solle méi ze liesen. Dorënner e Virlies-Concours, eng Hörbuch-App oder d'Website "Antolin", op där d'Kanner geliese Bicher aginn, Froen zu dëse beäntwerten a Punkte sammele kënnen. Passend zu dëser digitaler Approche un d'Liesen, stellt de Luc Weis fest, datt sech och hei d'Gewunnechte vun deene Jonke mat der Zäit verännert hunn.

"Mir gesinn et haaptsächlech iwwer d'PISA-Etüd zum Beispill, wou mer gesinn, dass d'Kanner mat 15 Joer haut méi online liesen, wéi dat viru 15 Joer de Fall war. Haut liese se éischter an de soziale Medien an Online-Foren oder se liese Blogeinträge. Et huet sech scho munches gewandelt. Dat ass per se net schlëmm. Wa se vill liesen, ass et ëmmer gutt, da liese se och besser herno. Trotzdeem probéiere mir ëmmer rëm dorun ze erënneren, dass och d'Erfarung fir e Buch ze liese ganz wäertvoll ass"

Wéi wichteg et ass, datt Kanner liesen, läit op der Hand. Wat ee méi dacks liest, wat ee besser dra gëtt an och méi eng Passioun dofir entwéckelt.

Fir datt d'Kand awer scho fréi genuch e Bezuch zum Liesen huet, sollt ee reegelméisseg virliesen. All Owend eng kleng Geschicht vun 20 Minutten, geet dobäi schonn duer, sou de Luc Weis weider.