De 16.Dezember kënnt en neie Lëtzebuerger Documentaire mam Titel "The Law of 3" an eise Kinoen eraus. Thema ass dem Raphaël Fiegen seng Rees mat senge Schlitter-Hënn duerch d'schwedescht Lapland. Dat hei war elo den drëtte Versuch gewiescht, de sougenannte "Kungsleden"-Wee hannert sech ze bréngen. Wat déi éischte Kéiere schif gaangen ass, an d'Detailer zum neien Documentaire huet d'Valeria Wiwinius.

08/12/2022 Raphaël Fiegen: "The Law of 3"

An den 1990er Joren hat säi Papp no senger Nordpol-Expeditioun sech schonn d'Zil gesat, iergendwann de bekannte "Kungsleden"-Wee am schwedesche Lapland op sech ze huelen. Am Ganze sinn dat bal 500 Kilometer. Elo hat säi Fils, de Raphaël Fiegen, dëst zu senger Missioun gemaach gehat. 2016 hat hie sech déi éischte Kéier op de Wee gemaach, dunn eng zweete Kéier 2019. Déi eng Kéier huet de Manktem un Training, déi zweet Kéier onpassend Equipement e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. Ëmsou méi grouss wier awer elo d'Freet endlech d'Kapitel ofzeschléissen.

Fir den Ament huet de fréieren Zaldot 10 Hënn, 5 Klenger a 5 Erwuessener, wouvunner een awer ze al wier fir esou eng Expeditioun. Deemno wier de Choix, wie matkënnt séier getraff gewiescht. Nieft den Hënn, war awer natierlech och eng mënschlech Equipe mat dobäi, bestoend aus dem Film-Realisateur André Costa, de Jérôme Houdremont, deen als Kamera-Assistent dobäi war, an dem Raphaël senge beschte Kolleegen: Eric Streff an Andy Peiffer.

Vum 16.Dezember un kann een de 50-Minutte laangen Documentaire an d'Kinoe kucken goen. Méi Informatiounen an Tickete fir d'Première ginn et op kinepolis.lu