Zu Lëtzebuerg gëtt e Stot an der Moyenne 1800 Euro am Joer aus fir Produiten am Internet ze kafen. Grad um sougenannten Black Friday notzen vill Leit d’Chance fir déi eng oder aner gutt Affär ze maachen. Awer net all Produkt entsprécht och den europäeschen an de nationalen Sécherheetsexigenzen. Virun dësem Hannergrond, huet d’national Maartiwwerwaachungsagence ILNAS Spillsaachen, Kleeder an elektronesch Apparater kontrolléiert. Vu 26 Produiten waren der just 2 konform.
Sabrina Backes

24/11/2022 BAND ILNAS Kontrollen (online)

Den ILNAS  mécht hei souwuel administrativ ewéi och technesch Kontrollen. Vu 26 geteste Produiten hu ganzer 16 Stéck d’administrativ Krittären net erfëllt, den Alexis Weber, Chef de Departement vum ILNAS gëtt Beispiller:
“Wat mer festgestallt hunn, ass, dass ganz oft den Importateur net um Produkt steet, dat heescht d’Coordonnéen sinn net drop. Dat heescht falls ee Problem wier, da wees een net u ween ee sech wenden soll, well guer kee Kontakt drop steet. Een anere Punkt war och den CE Marquage, deen ass wichteg, domat confirméiert an declaréiert de Fabrikant dass säi Produkt konform ass an och dass säi Produkt den europäeschen an de nationalen Sécherheetsexigenzen entsprécht.”

Ganzer 7 hu weder déi administrativ nach déi technesch Krittären erfëllt. E Beispill fir eng technesch Non-Conformitéit ass, wann de Kabel vun enger Liichterketten ze dënn ass, an dowéinst eng potenziell Gefor fir de Konsument besteet.   

Wann d’Produiten net conform sinn, da gëtt fir d’éischt de Produzent kontaktéiert a kritt nach eng Kéier d’Chance de Problem ze behiewen. An engems gëtt de Produit temporär vum Marché geholl. Wann doroppshi näischt geschitt, gi méi streng Mesuren ergraff:

“Falls de Problem net konnt geléist ginn an de Produkt weiderhin net conform bliwwen ass, hunn mer en definitiven Verkafsverbuet prononcéiert a mir hunn an deem Fall och nach d’Commissioun infornéiert an och na déi aner Länner aus dem europäesche Wirtschaftsraum fir dass se informéiert sinn.”

Virun dësem Hannergrond appeléieren den ILNAS an d’ Ministeren fir Konsumenteschutz an de Wirtschaftsministere d’Qualitéit vu bestëmmte Produiten besser ze hannerfroen zumols wann des immens gënschteg sinn oder keen CE Marquage drop ass.