E Sonndeg war den 1ten Advent, an et gouf scho vill doruechter dekoréiert. Mä wat ass dëst Joer in? Wat manner? Mir hu bei den Experte nogefrot wat 2022 a Saache Chrëschtdaagsdekoratioun ugesot ass.

29/11/2022 Deko-Trends fir Chrëschtdag- De Reportage vum Radio

Bei allem wat mat Natur a Natierlechkeet ze dinn huet, kann ee näischt falsch maachen. D'Sophie Franssens-Pereira vum Angle Vert:

29/11/2022 Deko-Trends Xmas 1

"Ech soen elo e Beispill, et si wierklech Holzornamenter, déi einfach geschnitzt ginn a Form vu Blieder, oder mir hunn da Villercher aus Filz, Champignonen, also wierklech d'Formen, déi d'Natur erëmreflektéieren. Zum Beispill eng Chrëschtbull aus Glas, déi da wäiss getéint ass, mä déi huet dann eng Dännenzappe-Form. Oder Villercher aus Glas oder aus Holz, carrement, dat ass erëm dat wat ee vill op de Beemchen hänkt dëst Joer, dat mécht wierklech eng schéin Harmonie an et gesäit wierklech gutt aus. Also et ass wierklech och immens heemlech dëst Joer."

RTL

© Pixabay

Da mussen awer och déi richteg Faarwen dobäi passen. Do gëtt et erëm méi elegant, grell Faarwen zum Beispill si net méi gefrot.

29/11/2022 Deko-Trends Xmas 2

"Faarweméisseg elo vun den Dekoratiounen, sief et elo Bullen, Ornamenter, Hänger oder och Lametta, dat bleift nach ëmmer de Klassiker, och Gold a Sëlwer, Rout natierlech och. Awer wat dëst Joer zum Beispill erëm vun de Faarwe méi dominant ass, dat ass Rosa oder ganz vill am Transparenten. Dat heescht u sech relativ neutral, guer keng Faarf quasi, déi sinn da just beschicht mat enger iriséierter Finitioun. Dat heescht déi blénken da relativ schéin an déi gesinn dann éischter aus ewéi Seefeblosen."

RTL

© Pixabay

Et soll also net ze vill iwwerlueden a kitscheg sinn. Bei den aktuellen Trend passen iwwregens och Fiederen an Dekoartikelen mat Spëtzt.
Bei den Adventskränz geet et och an déi Richtung.

29/11/2022 Deko-Trends Xmas 3

D'Adventskränz gi nach ëmmer relativ vill mat Natur dekoréiert. Dat mat gedréchenten Dännenzappen, ganz vill Moos gëtt ageschafft an da natierlech hu mer awer dee kléngen, chicen, glamouréisen awer och festlechen Deel, dee mer awer e bëssen integréieren an d'Kränz. Dat sinn dann esou kleng Bullen,  wou en dann e bësse Glitzer nach drop mécht, oder awer och ee klenge Faarftupfer mat verschiddene Bullen.  D'Käerzen, déi drop kommen, dëst Joer mierke mer dat gutt, do ass dat Rustikaalt e bësse manner, awer op de Kränz sinn et éischter déi Käerzen, déi e bësse mat Glitzer beschafft sinn, oder déi esou e liichte Schimmer hunn."

RTL

© Pixabay

Naturno an awer festlech a chic soll et dëst Joer sinn. D'Luuchten dierfe natierlech net feelen, wann et net blénkt, da feelt eppes.

Kloer dass een hautdesdaags op LED'en setzt. Do gi mer awer vun deene kale Faarwen ewech:

29/11/2022 Deko-Trends Xmas 4

"D'Faarf ass ganz, ganz kloer dat Waarmt. Also dat Blo-Wäisst, dat ass elo net méi esou vill, et ass wierklech déi schéin, agreabel Luucht. Fir baussen ass et éischter méi diskret ginn, dat sinn einfach Liichterketten oder esou Beemercher, déi eng superschéin, natierlech Form hunn, déi da wierklech just nach mat der Luucht méi betount ginn. De Kitsch vun deenen opblosbare Kleesercher oder esou, dat ass wierklech eriwwer,  géing ech elo mol soen."

Kleesercher, déi d'Fassad eropklammen, dierfen och am Keller oder um Späicher bleiwen, genee ewéi ganz faarweg Elfen.

2022 ass also Natierlechkeet a Saachen Xmas-Deko ugesot.