3 Männer, mat Projeten déi hinnen um Häerz leien, dat war de Mix vum LIVE! planet people mam Olivier Catani gëschter op der Telé.
De Berny Altmann vum Kiwanis, den André Costa mat sengem Documentaire an den Marc Welter mat senger Musek

03/12/2022 LIVE! Planet People
RTL

De Berny Altmann weist säin grousst Häerz beim Kiwanis a sammelt reegelméisseg fir Rumänien an fir d'Ukrain. Seng Haaptaktivitéit ass et Hëllefstransporter fir ganz Europa an d'Ukrain z'organiséieren. Sou sinn bis elo 4.800 Puer Schong a Rumänien ukomm, 8 Hëllefstransporter mat Depart zu Lëtzebuerg sinn Richtung Kiew opgebrach, an elo kann een d'Kiwaner mat 20€ ënnerstëtzen fir eng vun 5.000 X-Mas Boxen

03-12-2022 LIVE - Berny Altmann
RTL
RTL

Den André Costa ass frou mam Schnéi an huet direkt zwee Filmer gedréit wou schéin Wanterlandschaften eng Roll spillen. Wat vum jonke Biergathlet als "normalen" Abenteuerfilm geduecht war, krut séier eng aktuell Nues mat den trauregen Evenementer an der Ukrain. "Luzhba" ass e brisante Film iwwer de Krich ginn, deen awer och flott Landschaftsbiller an witzeg Momenter vun ënnerschiddlechen Kulturen weist.

03-12-2022 LIVE - Andre Costa
RTL
RTL

De Marc Welter huet schonn mat 3 Joer Piano geléiert, mat 15 Joer huet hien opgehalen Musek ze studéieren, ass DJ ginn a war e puer Joer mat "The Party Team" ënnerwee. Hien huet komponéiert, nei arrangéiert an huet säin Projet "Joint Bunch" gedeeft. Eraus koumen kleng Concerten, bis en sech mat 30 Museker an e Studio zréckgezunn huet, an den 13. September war den Album-Release Concert vun engem duebele Vinylalbum an enger CD an der Rockhal.

03-12-2022 LIVE - Marc Welter
RTL