Energie ze spueren am Hëtzen, am Stroum, am Transport, ass momentan eppes wat jidderengem operleet ass, eleng schonn duerch déi héich Präisser. Ma elo wou d‘Chrëschtdagszäit méi no kënnt kribbelt et deem engen oder aneren vläicht an de Fanger fir déi eng oder aner Liichterketten op deen een oder aneren Beemchen ze hänken…

29/11/2022 Energie spueren an der Chrëschtdagszäit Internet

...wat dann awer emol massiv deier kéint ginn. Elo stellt sech natierlech d‘Fro op een an dësen Zäiten net einfach emol kéint op Chrëschtdagsbeliichtung verzichten. Ëmmerhin gëtt um Niveau vun der Stroossebeliichtung schonn reduzéiert, an och d‘Betriber sinn jo opgefuerdert beispillsweis beim Hëtzen déi gewinnten Standarden erofzesetzen.
Wat maacht Dir dann, fir an der Chrëschtdagszäit Energie ze spueren?

29/11/2022 Energie spueren an der Chrëschtdagszäit Cut 1

Wann een sech et an der Zäit ëm d‘Chrëschtdeeg wëll schéin doheem maachen ouni aarm ze ginn, ginn et awer effektiv e puer Saachen op déi ee kann oppassen ouni onbedéngt musse mat Käerzen ze schaffen.
Et kann een zum Beispill déi klassesch Bieren géint LED Luuchten austauschen: déi brauchen bis zu 95% manner Stroum. Dann ass et och grad sou logesch ewéi effizient wann een d‘Kabelen fir d‘Luuchten um Balcon oder baussen um Fënsterbriet net grad duerch déi gekippten Fënster leet. Do kéint engem nawell e gutt Stéck deier Wäermt duerch d‘Bascht goen. Eng aner Fro, déi ee sech kéint stellen: mussen d‘Luuchten d‘Nuecht duerch brennen?

Aner Leit si scho méi wäit. De Jan Urhausen zum Beispill. Als Privatpersoun interesséiert hien sech fir d‘Thema Energieeffizienz am Haushalt, virun allem beim Hëtzen. Normal fiert hien mat Pellets, ma och déi sinn vill méi deier ginn. Dofir hëtzt hien mat senger Klimaanlag. Oder anescht: Pompe à chaleur.

29/11/2022 Energie spueren an der Chrëschtdagszäit Cut 2

T‘ass eben de Stroum dee verbraucht gëtt. Mir loossen eis elo nach Solarplacken op den Daach maachen. Domadder kënne mir dann effizient Wäermt produzéieren. Natierlech nëmmen bis zu engem gewëssene Grad: wat et dobausse méi kal gëtt, wat et ëmmer méi Richtung null Grad geet, wat dat ganzt ëmmer manner effizient gëtt. Dat ganz sécher. Mee fir déi heiten Iwwergangszäit kann ech meng Pellets ausloossen a just domadder hëtzen.

Ënnert dem Stréch bléift et awer dobäi: all Réistoff, deen mer an d‘Natur siche ginn an notzen ass duerno fort.

29/11/2022 Energie spueren an der Chrëschtdagszäit Internet