Fir de Weekend vum 3ten a 4ten Dezember 2022.

Ganz extra gëtt et den Owend (03.12) an der Escher Rockhal. D'Soirée heescht 'The Sound of Data- Where science meets music'.
Hei ginn Date vu Fuerscher a Musek ëmgesat. 11 Museker si beim Projet am Kader vun Esch 2022 mat dobäi, dorënner och
den Headliner Max Cooper.

Dëse Weekend (03. & 04.12) ass zu Réimech eng méi lass. Hei kënnt Der Iech kulinaresch verwinne loossen um

Winter Street Food Festival. Fir Musek ass och gesuergt an Der kënnt e puer Tier op der synthetescher Äispist dréinen.

 

Et sinn nach Chrëschtmäert uechter d'Land. Zu Déifferdeng zum Beispill, deen ass gëschter offiziell op gaangen.
A muer (04.12) ass déi offiziell Ouverture vum Hesper Chrëschtmaart. Am Chalet Hesper Park hannert der Gemengt gëtt et eng Chrëschtausstellung
vu Crochet Solidaire, fir den Télévie.

Muer (04.12) ass Gaudi am Kader vum Wanterweekend zu Monnerech, mat 16 Chaleten fir Iessen a Gedrénks inklusiv der

YETI Bar wou den Erléis zu Gonschte vum Télévie ass.

Hidden Sessions, en inklusive Museksfestival a Wantermaart, ass haut a muer (03.12 & 04.12) zu Schëffleng. Am Haff vum Schëfflenger Konschthaus

a ronderëm.
Muer vun 3 Auer ass och de Kleeschen op Besuch.

Am Kader vu 25 Joer Flic Flac Déifferdéng ass haut a muer (03.12 & 04.12) de Chrëschtdags-Gala.
Dat ass am Centre sportif zu Nidderkuer.

De regionalen Tourismusverband vun der Lëtzebuerger Musel an d'Gemeng Wuermer invitéieren Iech nach haut (03.12)
op de Wine Lights Enoy, zu Wuermer an zu Ohn.
E gëtt e gratis Shuttle-Bus, deen Iech bequem vu Mäertert a Schengen an déi verschidden Dierfer laanscht d'Musel
direkt bis bei d'Dier vum Event bréngt.

Am Centre Sociétaire um Cents ass e Vide-Dressing mat Konschtmaart. Haut (03.12) ass de Rendez-vous vun 11 bis 6 Auer.

A muer (04.12) kommt Der am Mierscher Kulturhaus a Chrëschtdaagsstëmmung. Mam Vocal Ensembel The Duke's Singers
an hire Carols for Christmas. Um 17 Auer fänke se u mat sangen.

Am Kader vum Forum Z vun der Uni Lëtzebuerg ass haut eng Konferenz am Norde vum Land:
"Reparéieren gëschter an haut" wou Dir an d'Chercheuren vun der Uni Lëtzebuerg kënnt zesumme kommen driwwer ze schwätzen.

Vun 10 bis hallwer 5 am Ale Kino zu Veianen.