
© Stefan Osorio
All Dag hëlt de Stefan eng Pëll an. Wat een 2010 net wousst.
Datt Leit, déi HIV positiv sinn an an engem Traitement, datt déi net méi ustiechend sinn. Ech sinn elo 8 Joer mat mengem Partner zesummen, deen net HIV positiv ass a mir hunn natierlech och Sex. Mäi Partner ass nach ëmmer negativ, well ech net méi ustiechend sinn.
Den HI Virus hunn an den AIDS hunn, sinn 2 Puer Schong. AIDS ass eng Krankheet, déi duerch den HI Virus kann ausgeléist ginn. Dofir ass et wichteg ze wëssen, ob een de Virus huet. An do kënnt den Depistage an d'Spill. Et gëtt geschat, datt eng 15 Prozent net wëssen, datt si de Virus hunn.
An deementspriechend dann och net am Traitement sinn. A wann een net a Behandlung ass, dann ass d'Méiglechkeet nach do fir aner Leit unzestiechen. All déi Neiinfektiounen, déi mir zu Lëtzebuerg an an Europa hunn, datt si Leit, déi net getest sinn an och net am Traitement sinn.

© pixabay.com
De Virus ass leider nach ëmmer do, wéi vill aner Virussen. Ma kann een da soen, datt den HI Virus duerch déi Traitementer säi Schrecke verluer huet? Oder net?
Et huet säi Schrecke verluer, wann ee sech domadder beschäftegt. Wann ee weess, datt een haut domadder kann normal liewen. Statistesch gesinn, ass meng Liewenserwaardung haut genee esou grouss, wéi vun all aner Mënsch zu Lëtzebuerg. Ech hunn och eng Liewensqualitéit, ech si gesond a fit, maache Sport, ech sinn an enger Bezéiung. Kee Probleem, also wann een opgekläert ass, dann huet et de Schrecke verluer.
Nach e puer Wuert iwwert de Stefan selwer, deen ni verstoppt huet, datt hien den HI Virus erwëscht hat.
Ech perséinlech hunn nach ni eng Stigmatiséierung erlieft, weder am Privaten, ëffentlechen Ëmfeld oder am Beruff. Dat kann och domadder ze dinn hunn, datt ech oppen domadder ëmginn an de Leit och soen, wa se Froen hunn, da stellt se. A wann do falsch Virstellunge wieren, da kann een an déi Richtung opkläreresch wierken a soen wéi ech liewe mat HIV.
Hei kommt Dir op verschidden Internetsitten:
https://www.croix-rouge.lu/de/service/hiv-berodung-pravention-tests-und-behandlung
https://sante.public.lu/fr/publications/h/hiv-rapport-2021.html
Hei nach e weidere Reportage mam Stefan Osorio:
https://www.rtl.lu/radio/reportage/s/4219382.html