D'Chrëschtdeeg sti quasi virun der Dier an dat heescht fir eng Rei Leit dann och eng éischter roueg a besënnlech Zäit. Fir anerer ass dës Zäit virun allem mat Stress verbonne well een op der Sich no Kaddoen ass oder einfach nëmmen an de Preparative vun engem méiglechst gelongene Fest ass. Sou oder sou, ass dës Zäit vum Joer déi richteg fir mol eng Paus ze maachen a sech Zäit fir sech ze huelen. Nicky Soisson.

08/12/2022 Gutt a Form - Geloossen duerch d'Feierdeeg

D'Deeg, d'Wochen an d'Méint verfléien a schonn ass nees e Joer ëm. Bewosst erlieft huet een dovunner awer leider net vill well ee meeschtens entweder der Zäit hannendru rennt oder dëser well viraus ass. An dobäi ass grad dës Zäit vum Joer gënschteg fir erof ze kommen a mol méi no sech selwer ze kucken. An do kënnt dann d'Wuechtsamkeet, op Däitsch Achtsamkeit, an d'Spill. E Wuert dat bestëmmt scho vill vun Iech héieren hunn an dat an eiser haiteger Welt ëmmer méi wichteg gëtt. Markus Finnemann, Chargé de direction am Centre de jour Muselheem zu Waasserbëlleg:

"Wuechtsamkeet ass eigentlech e Begrëff aus der Meditatioun an dee bedeit eigentlech, dass een de Moment selwer méi bewosst wouer hëlt."

An dat fänkt well mat der Ootmung un déi hautzedaags dacks ze kuerz kënnt:

"Et kënnt een eigentlech guer net zu Rou. An dat bedeit, dass ee ganz oft falsch otemt. Et hëlt een nëmme kuerz Loft an et otemt een net déif an. Eng déif Ootmung ass awer ganz wichteg fir eis well eise Kierper bei der déiwer Ootmung mat Sauerstoff versuergt gëtt an doduerch gëtt natierlech och de Stress reduzéiert."

Richteg Ootme kann ee léieren an dat geet ganz einfach:déif duerch d'Nues anootmen, d'Loft unhalen an dann duerch de Mond nees ausootmen.Donieft ginn et awer och nach aner Übungen déi ee ganz einfach a säin Alldag abaue kann:

" Dat eent wier mol eng Paus maachen, dat heescht tëscht 2 verschidden Aktivitéiten einfach mol kuerz ophalen an iwwerleeën "Wéi geet et mir grad am Moment? Wat hunn ech well alles gemaach?" A wann een dat kuerz reflektéiert, kënnt een och dann zu der Paus an dann och réischt déi nächst Aktivitéit ufänken."

Bewosst trëppelen andeems een einfach mol oppasst wéi ee seng Muskelen uspaant, wou ee grad geet a wourop de Fouss grad steet, zum Beispill, hëlleft engem seng Gedanken ganz dorobber ze halen an dat entspaant. Dat selwecht gëllt fir dann och fir d'bewosst Iessen:

"Iessen ass och eppes ganz Wichteges. Hautzedaags ass Iessen dorobber reduzéiert, dass ee muss iessen. Mee wéi ësst een, wat ësst een? Et sollt ee sech beim Iesse mol iwwerleeën ob een iwwerhaapt Honger huet oder ob een ësst well een einfach nëmme Loscht huet, ob ee sat ass beim Iessen, wat een iwwerhaapt ësst, wéi sech d'Iessen ufillt. Wann een do scho mol ufänkt, dann ass dat och sou e Moment wou ee seng Ernährung vläicht ganz anescht wouer hëlt an net einfach iergendeppes ësst."

Ganz wichteg ass och einfach mol dankbar ze si fir alles wat am Dag gutt gelaf ass a wat een alles fäerdeg bruecht huet. Dat mécht frou a bréngt een zréck an den Hei an den Elo.