Wousst Der schonn dass Dalmatiner ouni Punkten op d'Welt kommen? Et gi nach vill méi där flotter Informatiounen. Hei gitt Der ënnert anerem gewuer firwat dem Mupp seng Patte no Popcorn richen an dass et och bei den Hënn Riets- a Lénkshänner ginn.

30/11/2022 Witzeg Fakten iwwer Hënn- De Reportage vum Radio

Patten, déi no Popcorn oder ewéi Mais-Chipse richen? Dat kennen déi meescht, déi en Hond hunn- wa se sech da schonn emol getraut hunn ze richen. Fir deen éischter agreabele Geroch gëtt et och e Grond, Romi Roth:

Bakterien tëscht den Zéiwe si Schold

"Déi eng vergläichen de Geroch vun Hondsféiss mat deem vu Lieder op dat d´Sonn geschéngt hätt. Anerer, zu deenen och e Grupp Wëssenschaftler gehéiert, deen schonn zanter e puer Joer iwwert dee Phänomen fuerscht, schwätzen vun engem Gerocharoma no karamelliséiertem Popcorn. Wéi déi meeschte natierlech Kierpergerëcher kënnt och deen un de Muppepatten zestanen well Bakterien Fiichtegkeet, hei de Schweess, zersetzen an dobäi richteg chemesch Substanzen produzéieren. Dass déi am Fall vum Muppefoussschweess dann no gebranntem Mais oder Lieder richen, ass einfach eng Chance...op déi mir Mënschen jo am Fong nëmmen e bësse jalous kéinte sinn..."

RTL

© Pixabay

De Phänomen gëtt och nach "Frito-Feet" genannt. Wann Der fir d'nächst mam Hond spadséiere gitt, da passt emol op, ewéi e seng grouss oder kleng Kommissioun mécht. Zum gréissten Deel riichte sech d'Hënn dobäi nämlech no der Nord-Süd-Achs. Dat kënnt Der am beschten observéieren, wann de Mupp net un der Léngt ass. A nach eppes fir ze staunen: och bei den Hënn gëtt et Lénks- a Rietshänner: déi meescht, 46 Prozent, schaffe mat der rietser viischter Patt. 23 Prozent mat der lénker an de Rescht mat deenen zwou.

Ass Äre Mupp e Riets- oder e Lénkshänner?

"Och bei de Fësch gëtt et zoologesch Famillen, déi eng Säitefloss léiwer profitéieren, an dat ass meeschtens déi riets. Vullen gebrauchen meescht dat riets A fir de Buedem no eppes fir ze jicken ofzesichen. Iwwert d´Ursaach vun där Virléift gëtt bis haut gesicht a gerätselt. D´Asymmetrie vun de banneschten Organer soll eng wichteg Roll dobäi spillen. Bei de Vullen soll zimmlech sécher d´Situatioun vum Embryo am Ee determinant sinn: meeschtens ass deen esou gedréint, dass dat rietst A no der Eeërschuel weist an domat schonn an deem fréie Stadium Luucht gesi kann. Eng änlech Erklärung kéint et och bei Mamendéieren an domat och bei Honn a Kaze ginn."

RTL

Muppe kënnen iwwregens zwou Faarwen ënnerscheeden: blo a giel. Si gesinn änlech ewéi ee Mënsch, dee rout-gréng-faarweblann ass.

A wann en Hond aus dem Waasser klëmmt, kann e bannent 4 Sekonnen bis zu 70 Prozent vum Waasser aus sengem Pelz eraus rëselen. Do schwätze mer vun enger G-Kraaft, déi méi grouss ass ewéi déi vun engem Formel-1-Fuerer. Och de Nuesofdrock vum Hond ass eenzegaarteg:

Ewéi e Fangerofdrock

"All Muppenues huet individuell esou absolutt ënnerschiddlech Linnen a Musteren, dass een e Muppestiichtert mat sengem Nuesenofdrock grad esou gutt a sécher iwwerféiere kann ewéi e Mënsch mat sengem Fangerofdrock.  Dowéinst net, ma fir e Mupp grad esou gutt a vill méi bëlleg ewéi mat eisem Mikrochip  ze identifizéieren, gëtt et elo eng chinesesch App mat där d'Nues  vum Hond fotograféiert an dann an eng Datebank opgeholl gëtt."

RTL

© Pixabay

D'Bedreiwer vun der App versécheren, dass en Hond domadder genee esou sécher an einfach kéint erëmfonnt ginn ewéi mat engem vun eisen Chippen.
An och net all Hond huet 5 Zéiwen un enger Patt- beim norwegesche Lunde-Hond sinn et der 6.