Mënschen mat HIV kënnen haut esou liewe wéi all aneren. A si géingen dat och gär mee Onwëssenheet a Virurteeler maachen hinnen d'Liewen dacks onnëtz schwéier. Dogéint hëllefen Opklärung a Sensibiliséierung. A genee dat ass d'Zil vum Weltaidsdag deen all Joer um 1. Dezember ass. Hei zu Lëtzebuerg ass et, ënnert anerem, d'HIV Berodung vum Roude Kräiz déi dofir do ass fir ze informéieren, ze depistéiere an awer och ze prevenéieren.Nicky Soisson.

01/12/2022 Gutt a Form - d'HIV Berodung vum Roude Kräiz

D'HIV Berodung vum Roude Kräiz ass e Service vu mëttlerweil 16 Leit. Op Demande deplacéiert ee sech bei déi Jonk ab 13 Joer fir Preventiounsseancen unzebidden. Nadja Lamesch vun der HIV Berodung beim Roude Kräiz:

"Eist Zil ass do haaptsächlech den HIV unzeschwätzen a wéi ee sech ka schützen, mee mir schwätzen och ganz vill aner Themen un déi déi Jonk och betreffe wéi zum Beispill Léift, Respekt - dat ass och ëmmer e grousst Thema - Partnerschaft, Porno kucken, "Nudes"...Dat sinn esou vill Themen déi am Moment ganz aktuell sinn a wou dann och ganz vill Froe kommen an dat Ganzt natierlech op eng spilleresch, flott Aart a Weis fir dass et net langweileg gëtt."

Natierlech ginn et och Preventiounsseance fir Erwuessener. Sougenannte "formations multiplicateurs" erméiglechen et dann och professionelle Leit forméiert ze gi fir da selwer kënne Preventiounsseancen an hirem Lycée, am Jugendhaus oder soss anzwousch ofzehalen. Zanter Enn 2019 huet d'HIV Berodung hier Servicer dann nach weider ausgebaut a bitt elo och online Formatiounen un. Claudia Pedroso vun der HIV Berodung beim Roude Kräiz:

"Dir kënnt d'"formation modulable" maachen, do kann een am Fong all Modulle maachen déi och an der "formation certifiante" sinn, et ass just d'certifiante do kann ee sech aginn an do kritt een dann dono e Certificat wann een alles Modull gemaach huet."

Dës Formatioune si gratis a se riichte sech u Leit ab 16 Joer. D'Formation modulable ass dann och anonym. Am Kader vum Weltaidsdag huet d'HIV Berodung dann och eng flott Aktioun mam Namur lafen:

"Bis haut nach mat kritt een nach eis Love Baguette beim Namur ze kafen am ganze Land. Dat ass eng Aktioun déi all Joer gemaach gëtt fir den 1. Dezember an do kann een déi Baguette kafen an do geet dann och 1 Euro un d'HIV Berodung vum Roude Kräiz. Et wier flott wann Dir do Är Solidaritéit géingt weise mat de Leit déi HIV hunn."

Zanter de Moien hallwer 8 ass een dann och well um Tuer fir d'Leit ze sensibiliséieren. An deem Kader goufen dann och well Kondomer ausgedeelt an ab 11:30 Auer an nach bis 14:30 Auer mécht den "Dimps" op der Gare Halt. Hei kann ee sech ka gratis an anonym op den HIV, Hepatite C a Syphilis depistéiere loossen. Den Owend ass dann nach en Event am Bâtiment 4 zu Esch virgesi mat enger Drag Queen Show, dem Vernissage vun der Expo vum Concours "Art on Condoms" an der Präissiwwerreechung fir d'Gewënner vum Concours.