D'Unzuel u Satellitten déi am Äerdorbit kreesen, hëlt ëmmer méi zou an déi Satellitte liichten deels méi hell wéi d'Stären. Bei den Astronomen hannerléisst dat kee ganzt gutt Gefill, well hir Aarbecht mat der Fuerschung domat staark beanträchtegt ass. Ma et sollen der nach vill vill méi eropgeschoss ginn, Michèle Schons?

30/11/2022 En Himmel voller Satellitten

Well d'Äerdëmlafbunn sech ëmmer méi mat Satellitekonstellatioune fir d'Telekommunikatioun fëllt, mussen d'Astronomen elo kucke wéi se hir Aarbecht weider maache, wa blénkeg Solarpaneelen a Radiossignaler déi richteg kosmesch Objeten iwwerstraalen. Bedreiwer vun Teleskopen si gezwongen hir Pläng unzepassen fir den neie Satellitteschwärm aus de Féiss ze goen. Déi schwiereg Aufgab wäert an den nächste Joren onméiglech ginn, well d'Unzuel un de Raumfaartobjeten drastesch klamme wäert. E puer dausend Satellitte si schonn eng Plo, ma honnertdausende sinn eng existenziell Gefor fir d'Astronomie hei op der Äerd, esou d'Experten. Den Eric Buttini, Astrophysiker am Naturmusée huet mer erkläert firwat:

D'Astronomie ass eng vun den éischten Naturwëssenschaften. Et ass duerch d'Beobachtung um Himmel, dass d'Mënschen iwwerhaapt mol ugefaangen hunn, sech Gedanken ze maachen, wat do geschitt a wéi een sech dat erkläre kann, wat am Fong d'Basis vun den Naturwëssenschaften ass. Dat kann mol verluer goen, wann een do kënstlech Konstellatiounen um Himmel gesäit, Satellitten déi do laanscht fléien, an een op eemol eng wäiss Sträif um Himmel gesäit, déi relativ séier an hell laanscht flitt, dat verdeckt natierlech den natierleche Stärenhimmel a werft Froen bei de Kanner op, wann se dee kucken.

RTL

© pixabay

Ronn 5400 Satellitte kreesen den Ament ëm d'Äerd. Zanter dem Start vum Sputnik 1 am Joer 1957, gëtt d'Äerd vu kënschtleche Satellitten ëmkreest. D'Hallschent dovunner ass am Besëtz vun amerikanesche Firmen. Aktuell sinn dann och nach vill Starlink Satellitten derbäi komm, esou dass déi echt Zuele vill méi héich leien.

Prinzipiell huet dat vill mat eiser moderner Gesellschaft ze dinn, déi permanent wëll verbonnen an online sinn. Déi meescht Satellitte sinn Telekommunikatiounssatellitten, Satellitte mat deenen een Zougang zum séieren Internet huet. Et ass elo esou, dass eng Etüd erausfonnt huet, dass een Drëttel vun der Weltpopulatioun nach ni en Zougang zum Internet hat a fir deen Zougang z'erméigleche brauch een da ganz vill Satellitten, déi do eben déi Transmissiounen erlaben.

RTL

© pixabay

Iwwer 400.000 där Satellitte sollen an den nächste Joren eropgeschoss ginn
De gréissten Ubidder ass SpaceX, deen och scho mat Astronomen zesummeschafft fir seng Starlink Satellitte méi däischter ze maachen.
Wann déi 400.000 Satellitten an der Ëmlafbunn sinn, da wäerten 30% vun de Biller, déi Owes opgeholl ginn, Sträifen drop hunn. Och wann d'Software dat erausfiltere géing, géingen se Datefeeler opweisen.

Um Enn bleift dann och nach déi kulturell Fro - sollt wierklech en Elon Musk kontrolléiere, wat d'Leit um Nuetshimmel gesinn?

Dat ass eben de Problem, dass dat nach net richteg regléiert ass an do sinn d'Leit sech och net eens op een dat an der Quantitéit elo misst reduzéieren a Reegele setzen. Esou laang dat net geschitt, kënne Privatfirme maache wat se wëllen. Natierlech kann een dat net total verhënneren, mee et gi vläicht nei Technologien, dass Satellitten esou gebaut ginn, dass se net grad esou vill Sonneliicht reflektéieren, also do ginn et verschidde Méiglechkeeten. Do misst jiddereen sech mat un den Dësch setzen a kucke wéi een do eng Solutioun fënnt.

Am Fréijoer huet den Ausschoss vun de vereenten Natioune fir eng friddlech Notzung vum Weltraum (COPUOS) eng Sëtzung zum Thema ofgehalen, ma de Prozess geet nëmme lues virun. Déi haart Wouerecht ass wuel déi, dass den Ament kee vill maache kann fir de Start vun de Satellittekonstellatiounen mat hire reflektéierende Solarzellen ze bremsen.

Obwuel vill Astronomen sech ganz seriö Suerge maachen, weess nach kee wéi schlëmm et wierklech gëtt, oder wéi laang de Problem unhale wäert. Wat een Owes um Himmel gesäit, wäert dann och onofhängeg dovunner sinn, ob een um Land oder an der Stad wunnt. D'Zukunft wäert eng sinn, wou den Himmel Nuets permanent glënnert a blénkt. Net vu Stären, mee vu Satellitten.

RTL

© pixabay