Am Spiegel stoung d'lescht Woch vun engem Urteel zu Berlin, wou e Mann 159 mol falsch geparkt huet, 15 mol ze séier ënnerwee war, an elo de Führerschäin fort ass. Kann dat engem och hei bléien? Verléiert een do Punkten oder wat kann dat no sech zéien?

02/12/2022 Fro den Affekot: Ass dann de Führerschäi fort

"Dat een esou vill falsch parkt gëtt et bestëmmt, also déi notoresch Falschparker. Ech kann déi Leit berouegen, déi dat maachen, wann een eng Kéier e Parkprotokoll kritt, da verléiert een net säi Führerschäin. Do ginn et just 3 Hypotheesen an dat ass wann een ze vill gedronk huet oder wann een ugehale gëtt an et refuséiert een  ze blosen oder duerno eng Bluttprouf ze huelen oder wann ee mat méi wéi 50 Prozent iwwert der reglementéierter Vitesse ënnerwee ass. Dann kann een en da mol provisoresch ofgeholl kréien. "Permis de conduire" heescht jo Erlabnis fir ze fueren a wann de Legislateur mengt dat et duer geet, da gëtt ee mol e bëssen aus dem Verkéier geholl."

An ass et eng Legend, oder ass eppes drun. Ass e Führerschäin wann en agezunn gëtt direkt fort fort, oder kann een en bis zur Verhandlung nach emol zréck kréien.

"Wann d'Police dech unhält, déi kënnen de Permis direkt anhalen. Wann dann innerhalb vun 8 Schaffdeeg keng Decisioun vun engem Untersuchungsriichter kënnt, da kritt een en zréck, mee oft ass et awer esou, zemools wann een iwwert 1,2 Promill ass, dat geet dat direkt un den Untersuchungsriichter an deen hellt dann eng Ordonnance, wou gesot gëtt datt een net méi fueren dierf. Dann kann ee wéi bäi all Decisioun judiciaire e Recours bäi der Chambre de Conseil maachen. Do brauch een och keen  Affekot ze huelen, mee et muss ee schrëftlech maachen an da kënnt een do an eng net ëffentlech Sitzung an do gëtt dann decidéiert op een de Führerschäin provisoresch rëm kritt oder net, bis d'Verhandlung ass."

Dann huet een och schonn emol héieren dass een deen voll mam Vëlo erwëscht gouf, och säin Führerschäin lass ass?

"Jo et kann een esouguer als Foussgänger, wann een an engem Accident bedeelegt ass an ze vill gedronk huet, da kann een och de Führerschäin verléieren. Et ass nämlech en usager de la route an do muss jiddereen sech un déi selwecht Reegelen halen. Wann ech awer elo einfach voll ze Fouss ënnerwee sinn, verléieren ech net de Führerschäin, mee et muss da schonn en Accident geschéien."