Wéinst enger riseger Fuite vun Donnéeë bei WhatsApp konnten Hacker virun e puer Deeg bal 500 Milliounen Telefonsnummere klauen. Dës probéiere si elo am Darknet ze verkafen. Mee wat bréngt hinnen dat iwwerhaapt an op wat muss een als User vu WhatsApp mëttlerweil alles oppassen? De Max Richartz huet nogefrot.

01/12/22 Wat geschitt nom Klau vun de WhatsApp-Nummeren?

Ëmmer rëm héiert ee Rumeuren, datt WhatsApp net sécher an datt den Dateschutz net garantéiert wier. Ma genee dat huet sech elo nees confirméiert. Bäi deene knapp 500 Milliounen Telefonsnummeren, déi am Netz opgedaucht si, sollen och eng ronn 188.000 lëtzebuergesch Nummeren mat dobäi sinn. Et schéngt sech heibäi awer net ëm e klasseschen Hackerugrëff ze handelen, mee ëm eng Method, déi sech «Scraping» nennt. De Steve Muller, Cybersecurity-Spezialist vu BEE SECURE:

"An dësem Fall heescht dat, datt eng Persoun mat engem automatesche Programm a ganze Koup zoufälleg Nummeren a säin Telefonsadressbuch agedroen huet, an da WhatsApp opgemaach huet, fir se kucken, ob déi Nummeren och op WhatsApp sinn. Well dat d'Aart ass, wéi WhatsApp funktionéiert, ka WhatsApp och näischt aktiv dogéint maachen, ausser et ze verbidden. A wann si mierken, datt een dat mécht, spären si den Account. An dësem Fall hunn se et leider net gemierkt, oder déi Persoun huet ëmmer rëm nei Accounte gemaach."

Fir sech als User géint esou Ugrëffer ze schütze kéint een net wierklech vill maachen. Et kéint ee sech zwar eng nei Nummer zouleeën, mee d’Gefor direkt nees Affer vun enger Attack ze ginn ass relativ grouss. Ma et ginn awer e puer wichteg Tuyauen, wéi een den anonymme Verbriecher d’Liewe méi schwéier ka maachen.

"Krimineller probéiere lo, Phishing op déi Nummeren ze schécken oder iech souguer unzeruffen. Dat heescht, si probéieren, Informatioune vun iech ze klaue wéi Passwierder oder Kreditkaartendonnéen. Zum Beispill andeems se iech ee Link schécken zu enger Fake-Säit, wou der iech mat engem vun äre Passwierder alogge musst, an dee Moment kritt jo dee Kriminellen äert Passwuert. Oder andeems se iech eng SMS schécke mam Message, datt eng Bezuelung net geklappt huet oder är Bankdaten ausgelaf sinn, an dir rëm är Kreditkaartennummer ugi musst, fir d'Bankdaten ze bestätegen."

Dacks täuschen déi Kriminell vir se wieren d'Kanner vun de betraffene Leit a soen, zum Beispill, datt se an enger Noutsituatioun wieren. Och gëtt dacks gefrot op seng Bankdonnéeë nach ëmmer richteg wieren. Wann een elo esou Messagë sollt kréie, soll een einfach net drop äntweren an d’Nummer direkt blockéieren. Dat heescht, wann iech eng Nummer komesch virkënnt, dann ignoréiert se léiwer oder ëmfrot iech ier der drop äntwert, well soss kéint et mol geschéien, datt een Affer vun den Hacker gëtt.

Hei kënnt der nokucken op är Handysnummer betraff ass.