De Stefan Osorio lieft zanter 12 Joer mat der Diagnos HIV. Duerch effikass Traitementer, all Dag eng Pëll, lieft hie ganz gutt an ouni Niewewierkungen an hie kann och keen anere Mënsch méi ustiechen. Ufank der 1980er gouf dee Virus entdeckt, weltwäit hate sech Millioune Mënschen domadder infizéiert a gestuerwen. Ufanks koum et zur Panik an zu villen Desinformatiounen, déi sech laang an de Käpp gehalen hunn. Sou vill, datt ee verpasst huet wat sech an de leschte Joren an der Medezin gedoen huet.

01/12/2022 Mat HIV liewen

1996/1997 gouf et déi éischt gutt Medikamenter um Maart, et si manner Leit gestuerwen. Bis Ugangs 2000 am Fong d'Leit hunn net méi misste stierwen, well Medikamenter do waren an do war dat net méi esou present an de Medien. Déi positiv Entwécklung war net present an de Medien an esou hunn och vill Leit net matkritt, wéi rasant a radikal déi medezinesch Entwécklung an der Zäit war

Och wann een sech géint den HI Virus net impfe kann an de Virus net aus der Welt ass, kann een elo domadder liewen. Wann een da Bescheed weess, sou gëtt et jo mol den Depistage fir iwwerhaapt mol ze wëssen, ob een de Virus huet. Nieft dem Gummi, gëtt et och 2 Pëlle fir sech ze schützen, de Stefan Osorio erkläert.
Do gëtt et d'Méiglechkeet déi PrEP ze huelen, eng Pëll virdrun, mat där ee sech géint HIV ka schützen. Déi gëtt verschriwwen an och bezuelt vun der Caisse. Vum CHL gëtt déi verschriwwen.

RTL

© pixabay.com

Also eng Pëll virdrun, an et gëtt och eng Pëll fir duerno.
Jo dat ass d'Noutfallpëll, wéi et se och gëtt fir Schwangerschaften ze verhënneren. Wann een e Risikokontakt hat, ouni ze wëllen, wéi de Gummi ass futti gaangen, da sollt ee séier bei säin Dokter goen oder an den CHL, well do sinn d'Spezialisten, an do soll ee sech säin Traitement huelen, well deen ass och ganz effikass.

Den HI Virus oder och d'Krankheet AIDS muss keng Fatalitéit méi sinn.

Hei kommt Dir op verschidden Internetsiten:

Hei kommt Dir bei de Reportage vun haut de moien: