Nodeems mir gekuckt hunn, wéi Hënn bei Trennungsangscht reagéiere kënnen, ass et lo un den Angschthënn am Allgemengen. Mam Hondstrainer Mike Peter analyséiere mir wouduerch ee Mupp een Angschtmupp ka ginn, a wéi een dem Véierbeener hëllefe kann. Sandra Mélan

01/12/2022 Problemhënn 2. Deel: Angschthënn (Internet)

Ee Welpen ka ganz ënnerschiddlech bei engem neie Geräisch reagéieren, sief dat dobaussen duerch de Kaméidi vun engem Auto, oder an der Wunneng duerch eng Taass, déi een op den Dësch setzt. Bei enger Angschtreaktioun geet den Hond am Ufank mol no hannen, net no vir. Mike Peter, Hondstrainer:

«Entweder et ignoréiert een déi ganz Saach an dat Ganzt verflaacht sech erëm. Den Hond mierkt, wann en déi nächst zwee, dräi Camione oder Leit gesinn huet, dass et guer net méi esou schlëmm ass, oder den Hond fäert awer nach bei deem nächste Mënsch oder Camion, deen e begéint a weist dann eng Stressreaktioun, déi dann och zu enger Angschtreaktioun kann einfach iwwergoen, andeems en dann ufänkt awer all Auto oder all Mënsch oder esou ze fäerten. An dat Ganzt ass och relativ iwwergräifend, dat heescht, wann een Hond bei engem Auto géif erféieren an do ass nach grad ee Mënsch iergendwou getrëppelt, kann den Hond och ganz komesch Associatioune maachen, dass en e bemol de Mënsch verbënnt fir dee Kaméidi. Do ass ee Welpen relativ kreativ.»

En Hond kann och méi predestinéiert sinn, fir zu engem Angschthond ze ginn, eventuell doduerch datt e bësse virbelaascht ass duerch ee laangen Transport aus dem Ausland mat villen anere Muppen, oder well en einfach vum Wiesen hir méi onsécher ass. Et ginn och verschidde Rassen, déi méi zréckhalend, méi passiv sinn, wéi zum Beispill déi, wou nach bësse Wollef mat ageziicht ass. Bei Angschthënn kënne kleng Symptomer optrieden wéi, mat den Ouere wackelen, de Schwanz eranzéien, de Kapp anzéien a billen.

« Dat Ganzt kann och awer scho méi extrem goen, wann dat Ganzt net respektéiert gëtt, dass een Hond awer och aner Saachen, wéi komplett fortlafen, apathesch ginn, panesch, zidderen, sech an den Eck sëtzen, guer net méi eraus kommen oder och mol an d’Loft schnapen fir Warnschëss ze vermëttelen, well dat kënnen och Angschtreaktioune sinn. Meeschtens sinn dat net déi éischt Unzeechen. Mee vun Ouerwakele bis Schnappen eng Kéier an d’Loft zum Beispill, muss net onbedéngt vill Zäit vergaange sinn dotëschent.»

Fir engem Angschtmupp ze hëllefen ass et virun allem wichteg, datt een als Meeschter Sécherheet ausstraalt. Am Allgemenge soll een all Hond, deen un der Léngt geet, esou ofsécheren, datt en net d’Méiglechkeet huet fir fortzelafen, am Fall vun enger onerwaarter Situatioun, déi en eventuell erféiert oder him Angscht mécht.

«Huele mir nach eng Kéier dat Beispill mam Stroosseverkéier. Den Hond huet e bësse Stress virun den Autoen, wat ganz normal ass, wann ee vun enger Plaz kënnt, wou en d’Autoen net gesinn huet. Den Hond zuckt mam Ouer bei all Auto dee kënnt. Wann’s de dat awer ganz doséiert a relax mat him opbaus, da kann dat sinn, dass ouni Hëllef den Hond einfach no enger Woch ganz normal iwwert déi Strooss trëppelt an du hues absolut keng Feelerquelle méi dran. En contrepartie kanns du genau dat selwecht awer hunn, du kanns een Hond hunn, dee mam Ouer bei all Auto wackelt an da kënnt awer nach eng Camion-remorque, dee e bësse Kaméidi mécht an den Hond erféiert nach eng Kéier, billt den Auto un, wat geschitt, den Auto fiert fort an de Problem ergëtt sech esou, datt den Hond mengt, hien hätt am Fong säi Stress verdriwwen, andeems en en ugebillt huet an hie probéiert dat reegelméisseg, a well awer all Auto weider fiert, an net beim Hond stoe bleift, huet hien dann och relativ schnell Succès.»

Bei engem Véierbeener, deen dacks Angscht huet, ass et unzeroden op d’Hëllef vun engem Hondstrainer zréckzegräifen.