D'Keelt an de Wanter an der Ukrain ginn zum Problem fir d'Kanner. D'UNICEF verdeelt dofir waarm Kleeder. An Dir kënnt mathëllefen.

9 Méint leiden d'Mënschen elo ënnert dem Krich an der Ukrain. Der ukrainescher Regierung no wäerte nach 700'000 Leit méi - Kanner inclus- bis Enn vum Joer op der Flucht sinn, am ganze Land also gläich 7,3 Milliounen. Den uerge Wanter an der Ukrain mécht Suergen. De Paul Heber vun der Unicef:

D'Keelt mécht d'Kanner krank

"Wat ee sech warscheinlech schwéier ka virstellen, dat ass wat et bedeit wann et engem de ganzen Dag kal ass a wann een am Fong keng Paus do kritt. Mir hu natierlech Infrastrukturen, déi futti sinn, Elektresch wat net funktionéiert, also och keng elektresch Heizungen, dat heescht d'Leit hunn e Problem fir iwwerhaapt Accès ze hunn zu Gas oder Masutt mat deene se kéinten aner Zorte vun Heizungen benotzen. A wat bei der Keelt jo nach dobäi kënnt, dat ass natierlech d'Fragilitéit, deemno wéi vun de Kanner. Dat heescht wanns de bis kal bass, gëss de och krank a wanns de krank bass hues de oft Problemer, dass d'Spideeler net esou funktionéieren ewéi se sollten..."

RTL

Bei Temperature vu bis zu minus 20 Grad, kënne mer eis jo virstellen wat de Flüchtlinge blitt. D'Unicef ass awer net eréischt zanter dësem Joer um Terrain aktiv, weess also ganz genau wat muss ënnerholl ginn fir de Kanner ze hëllefen. Et ginn ënnert anerem waarm Kleeder ausgedeelt:

Et gi Kleeder gebraucht, awer keng Kleedersammlung

" Dat heescht mir kucken dass mer Dausenden, Honnertdausenden Wanterkleeder-Kitten verdeelen; do si Mutzen dran, do si Schalen dran, do si Jacketten dran, do si Boxen dran. Wat een och soll verstoen, déi Kitten sinn ugepasst un d'Gréisst vun de Kanner . Et bréngt engem jo näischt engem ganz klenge Butz en ze vill grousse Kit ze ginn, doranner gëtt en och net waarm. Wat mer awer och nach maachen, mir ënnerstëtzen d'Familljen deelweis mat Cash, fir dass se einfach déi Suen hunn, déi se brauchen, fir Holz ze kafen, fir dass se hir Heizung un d'Goe kréien."

D'UNICEF mécht awer och Rehabilitatioun, wou et drëms geet ze garantéieren dass d'Spideeler an aner Gesondheetsetablissementer iwwer de Wanter kommen. Fir dass d'Kanner, déi Soinen brauchen, déi och kréien. A mir kënnen hëllefen ze hëllefen:

Dir kënnt en Don maachen

"Am Moment brauche mer fir dat doten virun allem eppes: mir brauche Suen. Mir kafen d'Kleeder a ganz grousse Mengen an, mir wëssen da ganz genee wat mer hunn, wat mer kréien, a mir kenne jo och ganz genee déi Quantitéit, déi mer brauchen. Dat heescht wat mer elo net brauchen, dat sinn al Kleeder, mir brauchen einfach nëmme Fongen fir dann eben och deementspriechend esou séier ewéi méiglech kënnen ze reagéieren. Der musst Iech virstellen, wa mer elo al Kleeder sammelen, bis mer déi gesammelt hunn, bis mer déi triéiert hunn, bis mer déi dohannen hunn, ass schonn erëm vill Zäit vergaangen."

Hei kënnt Dir Ären Don online maachen:

Oder maacht ee Virement op de Kont: CCPL LU71 1111 2144 2050 0000 mat der Mentioun 'Wanteraktioun'.