Zënter Méint gëtt elo schonn am Iran géint de Mullah-Regimm protestéiert. Den Ausléiser war den Dout vun der 22 Joer aler Fra Mahsa Amini Mëtt September, well si hir Kappduch net richteg ugehat soll hunn. Zanterdeem gi virun allem jonk Leit op d’Strooss. Géint déi Zoustänn ze protestéieren erfuerdert awer vill Courage, well d’Regierung brutal géint d’Demonstrante virgeet. 555 Studente goufe festgeholl tëscht dem 17. September an dem 23. November. Fir Solidaritéit ze weise goufen haut an iwwer 100 Universitéite weltwäit Manifestatiounen organiséiert. Och zu Lëtzebuerg hunn sech eng 130 Leit versammelt. D’Sabrina Backes war op der Plaz.

30/11/2022 Iran Maniff op der Uni

“Women, life, freedom. Women, life, freedom. This is a world call, say her Name Mahsa Amini, Mahsa Amini”

Fraen, Liewen, Fräiheet, dat ass de Slogan vun de weltwäite Protester géint de Mullah-Regimm am Iran. D’Fuerderunge vun de ronn 130 Demonstranten haut virun der Uni.lu zu Belval waren also kloer. Et wier wichteg fir seng Fräiheeten ze kämpfen, des wieren nämlech net selbstverständlech, dat seet d’Isabelle Tavousi vun der ASBL SIMOURQ, déi d’Manifestatioun zu Lëtzebuerg mat organiséiert huet:

“Cette cause est internationale, elle est universelle, chaque personne qui se bat pour la liberté des droits de femmes, des enfants, des hommes représente la liberté de tout un individu.C’est le devoir de chacun de se mettre derrière n’importe quel combattant de la liberté, de toute façon les libertés ici, vous savez, ne sont pas acquises du tout, ils sont en train de se battre pour nous. Donc il faut les soutenir, il faut les montrer qu’on est conscients de ce qu’ils vivent, qu’on les remercie de se battre ici pour nous.”

Dem Isabelle Tavousi no wieren et virun allem d’Kanner an d’Jugendlecher, déi den Ament op d’Stroosse ginn, wat net ouni Folgen bleift. Der UNICEF no wieren duerch d’Protester ganzer 50 Kanner em d’Liewe komm. Ma och an de Schoule wier et net méi sécher:

“C’est très difficile parce qu’ils ont commencé a faire des grèves à l’intérieur, ils ont boycotté ce regime dictatorial en arrêtant d’y aller. Et c’est très compliqué, les parents qui envoient leurs enfants sont malheureusement victime de milices privées qui recupéraint leurs enfants, qui leurs rammenent et on ne sait pas ce qu’ils ont fait et là je vous en parle des enfants collégiens, c’est vraiment devenu catastrophique”

Op der Manifestatioun dobäi war och den Arsham MOSTAANI, hien ass Student op der Uni.lu. Senger Meenung no, si Manifestatioune wéi déi heiten e gudden Ufank:

“What we can do is to be their voice, this is the main thing we can do, to try to observe what is happening in Iran and try to reflect it, in the most transparent way.

Iwwerdeems fënnt hien et wichteg, dass Europa sech vum Iran distanzéiert an d’Brutalitéite verurteelt.