Der TNS ILRES no, feieren 77% vun de Lëtzebuerger Stéit hire Chrëschtdag mat engem Chrëschtbeemchen. Vill Léit hunn och eng Plastiksdänn, déi fir e puer Joer erëm benotzt ka ginn. Awer wat ass déi méi ëmweltfrëndlech Optioun? A gëtt et vläicht eng Alternativ?

01/12/2022 Mr Science: Wéi ee Chrëschtbeemchen ass am nohaltegsten? Plastik oder echt?

Wéi nohalteg ass dann sou ee natierlechen, gefällten Chrëschtbeemchen, Mr Science?

Majo dat hänkt vu verschiddene Facteuren of:
1.    Vu wou de Beemchen kënnt. Well wat d'Transportweeër méi kuerz sinn, wat manner CO2 produzéiert gëtt. Déi meescht vun de opgeschniddene Dännebeem ginn awer importéiert, well et nëmmen e puer Plantagen zu Lëtzebuerg gëtt.
2.    Wéi de Beemchen geziicht ginn ass. Chrëschtbeemercher gi meeschtens a Monokulturen ugebaut, déi dacks gedüngt a gesprëtzt ginn. En ökologeschen Ubau ouni Pestiziden an Dünger reduzéiert deemno den Ëmweltschued.
3.    Wéi de Bam no de Feierdeeg entsuergt gëtt. Verbrannt ass anscheinend besser wéi ewechgehäit; D‘ Verbrennen produzéiert nämlech aner Zäregaser ( haaptsächlech CO2)wärend beim Verrotten um Tipp Methan entsteet dee méi klimaschiedlech ass. Allerdéngs ass et am beschten de Bam op eng sënnvoll Manéier wieder ze benotzen, zB a Form vu Mulch.

An e Plastiksbam ? Ass deen eventuell méi nohalteg, well een en e puer Joer ka benotzen?

Dat kann een sou net direkt soen. Och dëst hänkt nämlech vu verschiddene Faktoren of. Engersäits besteet de Plastiksbam aus Plastik wéi PVC (Polyvinylchlorid) a PE (Polyethylen), déi sech natierlech net kompostéieren loossen a mat fossille Matière Première hiergestallt ginn.
Dann hänkt et hei och vun der Origine of: d'Transportweeër kënnen hei ganz laang sinn, wa se zum Beispill aus China kommen.

A wann een déi zwee elo matenee vergläicht?

Am Joer 2009 huet eng kanadesch Ëmweltberodungsgrupp d'Ökobilanz vun engem natierleche Bam, deen an enger konventioneller Plantage , 150 km wäit ewech gewuess ass, mat deem vun engem Plastiksbam aus China verglach. d’Studie ass an dësem Fall zur Conclusioun komm, dass de Plastiksbam 20 Wanteren iwwerliewen muss, ier seng Klimabilanz besser ass wéi déi vun der natierlecher Dänn. Laut der selwechter Etüde, halen d‘Leit hir Beem an der Moyenne awer net méi laang wéi 6 Wanteren.
Mee och d’Klimabilanz vu Plastiksbeem ka verbessert ginn: Eng Méiglechkeet wier recycléierbar Materialien ze benotzen, wéi verschidde Betriber et schonn ubidden, oder en Second Hand ze kafen. An da soll de Bam natierlech esou laang wéi méiglech erëm benotzt ginn.

Verschidde Bamschoule bidden e Chrëschtbeemchen am Dëppen fir auszeléinen un. Déi kënnen also och iwwer puer Joer lang erëm benotzt ginn. Wier dat dann déi méi ökologesch Alternativ?

Beem am Dëppe kënne geléint, erëm benotzt an theoretesch erëm ausgepflanzt ginn. En anere Virdeel ass: d’Beem gi meeschtens mateneen bei d’Leit geliwwert an duerno rem agesammelt, wat Transportweeër spuert.
Mä et ginn och e puer Hoken hei: Net all Bam iwwerlieft den Openthalt an der waarmer Stuff, a manner wéi d’Hallschent iwwerliewen et, wa se rëm ageplanzt ginn.
Beim planzen am Dëppe gëtt de Wuerzelsystem nämlech beschiedegt an de Bam geschwächt. Normalerweis sinn d’Wuerzelen vun engem Bam sou grouss wie de Bam héich ass. Am Dëppen ass net esou vill Platz.“

De Fazit ass also, méiglechst regional a bio a wann am Plastik dann laang benotzen.

 

Gutt resuméiert!