De Schampes fir Silvester gehéiert genee sou dozou ewéi de Kéis bei d'Raclette. Awer vu wou kënnt de Brauch hier a wat sinn d'Hannergrënn vun aner Silvestertraditiounen? D'Laura Lessyn huet sech schlau gemaach.

05/12/2022 Traditiounen op Silvester INTERNET

Silvester, den Dag op deem een dat aalt Joer ofschléisst an dat neit begréisst. Am Géigesaz zu ville Fester an eiser Kultur, huet Silvester keng Verbindung mat der biblescher Geschicht, den Numm allerdéngs schonn: de réimesche Poopst Silvester stierft den 31ten Dezember 335. Et war deemools kee Grond fir ze feieren, mä zënter dësem Dag steet säin Numm am Kalenner vun den Hellegen. Et ginn awer nach aner flott Traditioune wéi zum Beispill:

     Firwat proste mir op Silvester mat Cremant?

Op Silvester mat Schampes unzestoussen, war schonn am 19ten Joerhonnert eng Traditioun. Deemools war et nëmmen deene räiche Leit vergonnt dësen spruddeleg Wäin ze genéissen. Schampes hat och schonn an där Zäit ganz vill Stil. Mee firwat drénke mir net einfach dëst nobelt Gedrénks, mee stoussen och nach mat all Mënsch un? Déi Traditioun kënnt aus dem Mëttelalter. D'Ritter hunn deemools mam Béier geprost, sou datt de Béier vun engem Glas an dat anert gefloss ass, dësen Akt huet Vertrauen signaliséiert, well ee sech sou sécher war, datt ee kee Gëft am Glas hat.

RTL

© pixabay.com

     Firwat schéisse mir fir Silvester Rakéiten an den Himmel?

Freedefeier op Silvester war fréier ganz deier an dee "Spaass" war laang Zäit nëmmen dem Adel zougestëmmt. Haut ka bal jidderee sech e puer Silvesterrakéite leeschten an dofir kann een dacks fir Silvester och e schéine grousse Freedefeierspektakel um Himmel gesinn. Dat Geknupps fir de Joreswiessel huet awer och eng Bedeitung: d'Freedefeier op Silvester soll déi béis Séilen vum vergaangene Joer verdreiwen a Plaz fir gutt a nei Energie maachen.

RTL

© pixbay.com


     Firwat gëtt ënner aneren an Däitschland fir Silvester Bläi gegoss?

Bläigéissen war fréier e "Must have" op Silvester, mä haut gëtt dee Brauch mat Wuess gefeiert. De Grond; di héich Konzentratioun vu Bläi ass geféierlech fir d'Gesondheet, dofir ass Bläi elo fir dës Zwecker net méi ubruecht. Déi besser Alternativ ass dofir d'Wuessgéissen. Dës Traditioun staamt och aus der Ritterzäit a sou funktionéiert et: de Wuess gëtt erhëtzt a flësseg gemaach an duerno kräfteg an e Glas Waasser geschott, duerno gëtt et lues a lues fest. Dann entsti kleng Figuren déi da virun eng Mauer gehalen a mat enger Täscheluucht beliicht ginn. An elo ass vill Fantasie gefrot: all Konturen a Figuren déi dir gesitt, hunn eng speziell Bedeitung a ginn iech en Abléck an är Zukunft.

RTL

© pixabay.com

Och de Kuss fir de Partner op Silvester ass Traditioun. D'Bedeitung läit op der Hand: et wëll een och mat sengem Léifsten e schéint nächst Joer verbréngen.