Haut ass de Weltdag vum Benevolat, dat heescht den Dag vun de Leit, déi hier Zäit, Energie a Kompetenze fir de gudden Zweck asetzen.

05/12/2022 Bénévole bei der Fondation Cancer

De 17. Dezember 1985 huet d'UNO zu New York decidéiert, dëse Weltdag an d'Liewen ze ruffe fir d'Aarbecht vun de Benevolle fir déi ekonomesch a sozial Entwécklung ze promouvéieren an dat souwuel um lokalen, nationale wéi och internationalen Niveau.

D'Zil vum Weltdag vum Benevolat ass et, wéi ee sech sécherlech denke kann, dësen ze valoriséieren an ze promouvéieren. Effektiv sinn eng ganz Partie un Associatiounen op Leit ugewisen, déi sech bereet erkläre sech fir anerer anzesetzen. Eng dovunner ass d'Fondation Cancer, déi e Freideg hier 22 nei Benevollen begréisse konnt. Hei hunn d'Benevollen, ouni déi een net kéint déi Aarbecht leeschten déi ee lescht, ganz verschidde Missiounen, wéi d'Manon Kucharczyk, Chargée de bénévolat bei der Fondation Cancer, erkläert:
"Et gi Benevollen, déi am administrative Beräich aushëllefen oder Benevollen déi sech éischter fir Preventiounscampagnen, Infostänn asetzen, net ze vergiessen d'Benevolle vum "Relais pour la vie" an dann awer och Benevollen déi dann eng méi ausféierlech Formatioun matmaache fir kënne Patienten am Spidol ze begleeden an deenen en Ouer unzebidden."

Well bei der Fondation Cancer just eng kleng Ekipp vu Leit fest do schafft, sinn hei d'Benevollen immens wichteg.
"Ouni si wier et net méiglech all eis Missiounen an eis Aktiounen ëmzesetzen. Dofir si mir ganz dankbar, dass et ëmmer erëm Leit ginn déi eis hier Zäit schenken a sech fir eis engagéieren. Ouni si wier eis Aarbecht net méiglech an dofir soe mer hinnen och Merci."

Fir Benevole ze ginn, muss een eigentlech net vill Viraussetzunge matbréngen:
"Eng ass et, dass ee muss volljäreg sinn a kënnen an engem Team ze schaffen a sech natierlech fir e gudden Zweck, an eisem Fall de Kribs, asetzen."

Wann Dir Iech bei der Fondation Cancer an der Lutte géint de Kriibs asetze wëllt, da mellt Iech bei hinnen. All Hëllef ass hei wëllkomm!A wann Dir Iech soss als Benevole engagéiere wëllt, da surft mol um Internet. Eleng hei am Land ginn et well eng Jett Méiglechkeeten.

Hei kënnt Dir Iech mellen:

entweder am Sekretariat vun der Fondation Cancer um 45 30 33-1

oder per E-mail op benevolat@cancer.lu

Hei fannt Dir weider Informatiounen: