Zanter leschter Woch leeft e neie Kannerfilm an de Kinoen. Den Erik Steenhäerz vum estneschen Regisseur Ilmar Raag. De Film ass net just op lëtzebuergesch vertount ginn, mee zum Deel och hei am Land gedréit ginn mat lëtzebuerger Acteuren, wéi dem Jules Werner. Sou gouf zum Beispill och dat bannescht vun engem Piratteschëff komplett zu Kielen am Filmland nogebaut. An der Geschicht begleet een nämlech d'Kanner Maria an Erik, déi op der Sich nom Maria senger Mamm sinn. An do geroden si an e ganze Koupe Aventuren a leeën sech ënner anerem mat Piraten un.

05/12/2022 Nei am Kino: Erik Steenhäerz

Fir, dass aus engem Studio e Pirateschëff gëtt, gëtt e groussen Décor opgericht, mee et gëtt och mat Spezial Effekter geschafft, wéi de Michel Dimmer responsabel fir d'Postproduktioun vum Film erkläert.

Michel Dimmer: Dat wat een da Special Effects nennt, dat sinn Effeten, déi um Set gemaach ginn. Dat heescht zum Beispill fir Niwwel ze maachen, fir gewëssen Ambiancen ze kreéieren, fir Wand ze maachen, fir Reen ze maachen. Dat nennt ee Special Effects, dofir huet een och Leit zu Lëtzebuerg, déi dorops spezialiséiert sinn. Dat ass direkt um Set.

Aner Saache ginn dann duenro nach an der Postproduktioun retouchéiert. Fir deen Deel ass eng ukrainesch Firma engagéiert ginn. Wéi si de Film sollten verschaffen, ass et awer zu engem Probleem komm. Russesch Hacker hunn d'Serveren vun der Firma gehackt an de Film als Geisel geholl. De Produzent Paul Thiltges.

Paul Thiltges: Zum Gléck waren et warscheinlech, dat schätze mir esou, onerfueren a jonk Hackeren, déi guer net wossten, wat si do blockéiert hunn, wat dat wäert wär. Et ass och esou, dass esou eppes net däerft passéieren. Déi Firma misst amfong Back-Upen maachen. Dat haten déi net gemaach. Dat ass eng gutt Léier gewiescht. Am Endeffekt huet et eis net deier kascht fir déi Saache rëm fräi ze kréien. Dat war déi gutt Noriicht. Dat war ee Schreck, wat mir nach ni haten. Dat war eng Erfarung, déi mécht een och mat. Bon, hautdesdaags hu mir Krich an der Ukrain, dat ass bësse méi schrecklech wéi dat doten. Mee dat hätt och kéinte ganz deier ginn a Gott säi Dank war dat net de Fall.

Dat war eng vu villen Erausfuerderungen. Den Tournage ass och an d'Zäit vun der Pandemie gefall.

Paul Thiltges: Mir hate geplangt am Mäerz ze dréinen an do koum voll de Covid. Dat heescht dat war ee Moment rëm eng Kéier Opreegung, wëll mir hu misse waarden. Mir hunn net dierfen zu Lëtzebuerg dréinen. 2020 hu mir réischt am August den ok kritt. A mir hu mat Kanner gedréit, déi 12, 13 Joer al sinn. An déi Kanner wiessele ganz séier an der Zäit vun engem Joer. Do kann et mol sinn, dass si hire Physik änneren. Dat huet alles herno geklappt, mee dat war och ee Momentchen net einfach. Also déi Produktioun ass duerch ganz vill Saache gaangen, déi vu bausse raus komm sinn. Iwwer Hackeren, Covid, Dat war net einfach.

Grad esou wéi d'Kanner am Film huet d'Poduktiounsekipp e puer Aventuren ze meeschten gehat. Beim Filmprojet gouf et op alle Fall en Happy End. De Film leeft zanter leschter Woch an de Kinoen. Op d'Maria an den Erik um Enn och hir Aventure gutt iwwerstinn, dat muss een dann selwer kucken.