Orange ass déi international Faarf, fir géint Gewalt géint Fraen opmierksam ze maachen. Dofir mécht sech zanter 1991 d'UN weltwäit staark, ënnert dem Motto "Orange the World". Vum 25. November bis den 10. Dezember, dem Internationalen Dag vun de Mënscherechter, wëll een en Zeechen op der Welt setzen. Geschlechterspezifesch Gewalt soll endlech en Enn hunn. A ville Länner gëtt sech dofir och spezifesch wärend dësen Deeg staark gemaach. Och hei zu Lëtzebuerg gëtt et déi sougenannten Orange Week. 

05/10/22 TV Teaser Orange Week Cut


"Stopp Gewalt géint Fraen". Ënnert anerem dat, mee och nach vill aner Sätz stoungen op de ville Panneauen, déi d'Participanten vun der Marche de Solidarité zu Esch de Samschdeg an Luucht gehalen hunn. Fir déi 6. Kéier schonn gouf dës organiséiert. Well och hei am Land ass et eng ongemittlech Wourecht. 1 vun 3 Fraen gëtt eemol an hirem Liewen Affer vu Gewalt an 1 vun 10 Fraen erlieft eemol an hirem Liewen eng versichten oder eng Vergewaltegung. Dobäi kënnt, dass 2/3 vun de Fraen bei enger Ëmfro vum Statec uginn hunn, dass si schonn op mannst eng Kéier an hirem Liewen Affer goufen vun kierperlecher, psychologescher, sexueller an och ekonomescher Gewalt. Ouni d'Donkelziffer genee ze wëssen. Eng Persoun, déi dëse Leidenswee huet missen matmaachen, ass d'Ana Pinto.

“Ech war jo selwer Victime vu Gewalt. Vu mengem Ex Partner, 11 Joer laang. Jo, hien huet mech da reegelméisseg agespaart an engem däischtere Keller. Ouni z’iessen, ouni ze drénken. An dat wärend puer Deeg. An dann hues du vill Zäit fir ze iwwerleeën, wëlls de jo net weess, wat geschitt. Ass et hell, däischter. Du weess et jo net an dann iwwerlees du an da frees du dech: Wat géifs du elo brauchen? Ech bréicht an sech iergendeen dee mech géif verstoen. Mat deem ech kéint schwätzen.” 

Si léist sech elo hiert Wuert net méi verbidden. Am Géigendeel, si wëll all den Affer eng Stëmm ginn mat hirer Organisatioun "La Voix des Survivant(e)s". De Comité besteet aus Ënnerstëtzer an Affer. Eemol de Mount treffen si sech a schwätzen iwwert Saachen, déi si beschäftegen. Si wëllen, dass Betraffener eng Ulafstell fannen. Well déi meescht net wëssen wouhinner.

“Et ass am Fong guer net esou einfach. Et ass ëmmer einfach ze soen, dir musst goen. Ech soen och ëmmer zu jidderengem: Dat doen ass kee Liewen. Gitt bei zum Beispill bei haislecher Gewalt. Et ass einfach alles besser, wéi bei Abuseur ze bleiwen. Mee et muss ee wëssen, dass wierklech ee Rateschwanz hannendrun bleift.”

 

"An dat ass eben och, jo d’Käschten. Déi vläicht och missten iwwerluecht ginn, ob et wierklech un der Victime ass, dat alles ze bezuelen. Also ech, elo vu mengem Point de Vue. Et gëtt ëmmer gesot, et gi jo Fraenhaiser. Jo, déi ginn et, mee déi si voll. Ech stoung deemools 2010 mat mengem Jong, deen deemools 2 Joer al war, mat menger klenger Wallis. A Voilà, et ass keng Plaz do. Gitt rëm zréck. Kënnt dir net an een Hotel goen? Nee, ech hu keng Suen. Mäin Exmann huet meng Karte kontrolléiert.”

Well virun allem finanziell hätt een als Affer eng schwéier Laascht ze droen. Geriichtskäschten géingen sech séier summéieren. Ma fir dass een iwwerhaapt op d’Geriicht ka goen, brauch een och Beweiser an e ganz wichtege Roll, spillt dobäi den Service UMEDO vum LNS. Dat ass eng Plaz un deenen Affer vu physescher oder sexueller Gewalt hir Verletzungen kënnen dokumentéieren. D’Dokumenter bleiwen fir 10 Joer archivéiert, ma et kann een se awer och éischter vernichten loossen, wann een dat well. Dobäi muss een och net eng Plainte maachen, wann een heihinner kënnt, mee sou hätt een awer mol d’Beweiser, wann ee sech dann awer géif dozou entscheeden geriichtlech géint säin Abuseur virzegoen.