Elo am Wanter wou ee seng Schminni oder säin Holzuewen reegelméisseg am Gebrauch huet, komme séier vill Äschen zesummen. An do stellt sech d'Fro: wéi dacks muss ech déi eigentlech erauskieren a wat maachen ech dono domadder?

01/12/2022 Äschen aus der Schminni

Mir hu beim Expert, dem Martin Antony, Gerant vun der Firma Emil Antony, nogefrot:

"Je no Schminni- oder Uewefabrikant oder no der Konzeptioun vum Uewen mécht een am Prinzip, wann een all Dag Feier mécht, 2 mol an der Woch d'Äschen eraus. Wou ee wierklech muss drop oppassen, ass, vu wou kënnt d'Verbrennungsloft vum Uewen an dass déi Verbrennungsloft net mat den Äschen zou ass, sou dass d'Flam nach säin optimale Sauerstoffgehalt kritt fir propper ze brennen."

Wann een d'Äsche bis erausgekiert huet, muss ee natierlech och nach wësse wouhinner domadder, Thomas Hoffmann, Pressespriecher vun der Superdreckskëscht:

 "Am Fong geholl kann ee soen, dass alles wat kleng Quantitéite sinn a wat aus dem Privathaushalt kënnt, soll normalerweis an déi normal, also spréch "Restmüll" Dréckskëscht."

Natierlech muss een d'Äsche virdrun ofkille loossen éier se an d'Poubelle fléien. Ma et kann een dës awer och nach verwäerten, Martin Antony nach eng Kéier:

"Wann een d'Schminni wëll propper maache vun den Äschen, kann ee ganz gäre fir d'éischt mol d'Scheif propper maache well et ass ëmmer flott wann een d'Feier gutt gesäit. Deen nohaltegste Produit fir d'Scheiwe propper ze maachen, ass: et hëlt een einfach eng Zeitung, et mécht ee se bëssi naass, et zappt ee se an d'Äschen an et reift ee se am Krees iwwert d'Scheif. Do komme keng Schréipsen an d'Scheif, et kann ee berouegt sinn, an d'Scheif gëtt picobello propper."

Als Dünger fir de Gaart oder schlëmmer nach fir de Geméisgaart soll een d'Äschen aus der Schminni awer net gebrauche wéi den Thomas Hoffmann erkläert:

"Mir roden, an Ofsprooch mat der Ëmweltverwaltung generell dovunner of. Et ginn 2 Haaptgrënn: den 1. Grond ass, souguer wann et dréchent Holz aus dem Bësch ass, jee no Standuert, kënnen do trotzdeem verschidde Schwéiermetaller dra sinn.  Dat heescht ouni Analyse vun den Äschen kann een am Fong net soen ob déi méi nëtzlech Bestanddeeler fir de Gaart besëtzt, spréch Dünger oder méi schiedlech Bestanddeeler déi sech dann och nach uräichere wéi Schwéiermetaller. Deen 2. Grond ass, dass déi Äsche basesch sinn, jee nodeems schiedegt dës de Mikroorganismen, Bakterien déi am Buedem sinn."

Ma och fir d'Selwer oder Koffer ze botzen, sinn esou Äschen nawell zimmlech effikass. Ma och dono heescht et de Recht vun den Äschen an der normaler Dreckskëscht ze entsuergen.

Bei professionellen Anlage gesäit dat Ganzt awer anescht aus. Well do generell gréisser Quantitéiten zesumme kommen, mécht een do Appell un eng spezialiséiert Firma déi déi ofhuele kënnt.