De Kulturzentrum Op der Schmelz feiert muer säi 15te Gebuertsdag. Ganz am Stil vun engem Concertssall léisst sech d'Institutioun d'Chance natierlech net entgoe fir op d'Tromm ze schloen. Se feieren awer net eleng, se loosse sech ënnerstëtzen vu bal enger ganzer Arméi Museker. De Pit Pixius war bis erof op Diddeleng an huet gelauschtert wat se sech ausgeduecht hunn :

09/12/2022 Concert Op der Schmelz : The ODS Residents

De Kulturzenter "Op der Schmelz" ass bekannt am Land. Bekannt ënner Museker fir d'Promotioun an d'Ënnerstëtzung déi d'Institutioun hinne stellt, bekannt ënnert de Leit fir d'Concerten. Virun allem den Jazz huet et dem Concertssall zu Diddeleng ugedoe. Fir de 15ten Anniversaire hu sech d'Organisateuren eppes ganz Besonnesches afale gelooss. E Concert wéi et en nach net ginn ass a vläicht och ni méi wäert ginn. Ganzer 26 Lëtzebuerger Museker hu se geruff. Di beschten "Jazzer" vum Land komme beieneen. Den Direkter John Rech gëtt eis Detailer :

Mer hunn eis ausgeduecht, dass mer géife 15 Joer Revue passéiere loossen, an zwar 15 Joer Residenzenaarbecht hei zu Diddeleng. Et muss ee sech et esou virstellen wéi e grousse Staffellaf. Mer bauen e Plateau op mat engem ganze Koup Instrumenter an do gëtt een deem aner d'Instrument an de Grapp, esou dass se ëmmer waarm sinn. Et gëtt e wierklech unique Programm wéi een e warscheinlech ni méi an der Form wäert gesinn.

D'Danielle Igniti war di éischten Directrice Op der Schmelz an huet de ganze Projet mat opgebaut. Sie kuckt mat waarmen Erënnerungen zeréck op di Zäiten wéi et deemools lass gaangen ass. Zäiten di immens spannend ma och uerg intensiv waren :

Et ass eng ganz ganz grouss Equippenaarbecht gewiescht soss hätte mer dat doten net hi kritt well mer waren net zu ganz vill. Mer haten net en Assistent deen hei, en Assistent deen do wéi dat haut e bësse méi Usus ass. Mer waren zu fënnef a lass quoi. An et huet jiddwereen alles misste maachen, och mol e Rouleau Toilettepabeier wiesselen an dat huet nëmme funktionéiert well mer eng staark Equippe waren a well jiddweree permanent ëmmer do war. Grippe sinn et keng ginn, déi Zäit och nach keng Coviden a sou Dommheeten a mer hunn extrem vill geschafft a mer hunn di Saach do gemaach. Dat war eisen Centre Culturel a mer wosste mer mussen hei elo eppes bréngen.

Op der Schmelz erënnert ee sech gären zréck u Geschichten di een erlieft huet. Ma am Allgemenge kucke se awer léiwer no vir, dat ass mi spannend. Den John Rech verréit eis wat se fir d'nächst Joer zu Diddeleng alles geplangt hunn :

Mer hunn eis üblech Rendezvousen : Zeltik, Like a Jazz Machine, d'Fête de la Musique natierlech, mer empfänken erëm eng Kéier d'LuxCon, mer erweideren de Kannerbicherdag op en Jugendbicherdag a mer hunn eng ganz Panoplie vun Nimm di mer schonn ugekënnegt hunn di d'nächst Joer wäerte bei eis kommen. Zum Beispill den John Cale vu "Velvet Underground", den Tommy Emmanuel, Kamrad. Kamrad, schnell googelen a schnell en Ticket kafe well et ass en unique Concert mat ganz wéinege Leit. Also dat sinn nëmmen e puer vu ganz ville Rendezvousen. Et ass esou vill lass a mer si scho mam Kapp voll am programméieren a freeën eis op di flott Rendezvousen d'nächst Joer.

Den Direkter John Rech seet senger Equippe namol Merci :

19/12/2022 The ODS Residents : John Rech seet Merci

Hei een vum John Rech sengen Highlights aus de leschte Joren :

19/12/2022 The ODS Residents : John Rech Schéi Momenter

D' Danielle Igniti erënnert sech un d'Ouverture :

19/12/2022 The ODS Residents : Daniele Igniti iwwert d'Ouverture

D'Danielle Igniti beschreift de Sall vum Kulturzentrum Op der Schmelz :

19/12/2022 The ODS Residents : Daniele Igniti iwwert de Sall

D'Danielle Igniti iwwert d'Promotioun vu lëtzebuerger Museker :

19/12/2022 The ODS Residents : Daniele Igniti Promotioun vu lëtzebuerger Musek

D'Danielle Igniti beschreift d'Fräiheet di den Kulturzentrum Op der Schmelz genoss huet :

19/12/2022 The ODS Residents : Daniele Igniti - De Kulturzentrum war fräi
RTL