5 Joer ass et elo hir, dass den Tram op eise Lëtzebuerger Stroossen rullt. Oder besser gesot: nees rullt, well scho vun 1875 bis 1964 war en op de Stater Stroossen ënnerwee.

09/12/2022 5 Joer Tram

5 Joer Tram, dofir kucke mir mol zréck op déi lescht 5 Joer a maachen dat mam Direkter vu Luxtram, dem André Von der Marck. Dee betount, wann een d'Zuel vun de Passagéier kuckt, da kann ee vun engem Succès schwätzen.

"All Dag huelen méi wéi 80.000 Leit den Tram. Domadder erfëllt e seng Missioun vun der Utilité Publique. Den Tram ass mëttlerweil eng Stater Ikon a vill Leit kënne sech sécher net méi eng Stad ouni Tram virstellen."

RTL

D'Zuel vun de Passagéier wier an de leschte Joren och konstant an d'Luucht gaangen, mat eben och den Arrêten déi an der Zäit bäikomm sinn. An och an Zukunft nach bäikommen.

"Nieft dem Tramsschapp gëtt grad eng nei Bréck gebaut déi iwwer d'Autobunn féiert an dann am Mee 2023 iwwer d'Autobunn gezu gëtt fir dann 2024 kënnen d Fluchhafen ze erreechen."

An och an der anerer Richtung, nom Bouneweger Lycée gëtt aktuell geschafft, do rechent een dann a gutt engem Joer mat den éischten Tester. An dann? Da geet et weider mam Tram-Ausbau.

"Et geet drëm, an den nächste Joren e Reseau opzebauen. Iwwerdeems haut méi wéi 80.000 Passagéier transportéiert ginn,  sinn an 10-15 Joer knapp 300.000 Passagéier virgesinn. Dat nächst Joer ginn déi éischt Projeten an deem Kader virgestallt. Ee weidere Reseau féiert dann iwwert de Kierchbierg laanscht de Konrad Adenauer. Och zu Hollerech ass eppes virgesinn, ouni natierlech déi Areler Strooss ze vergiessen."

Sou dass also och an Zukunft ëmmer nees nei Arrêten a wéi mer héieren hunn och Tracéen bäikommen.

RTL
RTL

© Luxtram

RTL

© Luxtram

RTL

© Luxtram

RTL
RTL
RTL

© Luxtram

RTL

© Charles Soubry Photothèque de la Ville de Luxembourg

RTL

© Luxtram

RTL

© Luxtram

RTL

© Luxtram