Dësen Donneschden Owend waren déi 1. RTL Podcast Awards an der RTL City um Kierchbierg. Am Virfeld konnt ee säi Podcast eraginn oder als Fan säi Liblingspodcast mellen.

09/12/2022 1. Podcast Award

Op eegene Choix, hat RTL seng eege Podcasten erausgelooss. Et war en onofhängege Jury, deen eng Selektioun aus alle Podcaste gemaach hat. An der Jury ware 4 Leit, ënnert anerem d'Autorin a Journalistin Josée Hansen an de Filmproduzent Bernard Michaux, déi sech duerch all dës Audio-Emissioune gelauschtert hunn.
Wéi um Ufank eis den RTL gefrot huet, also ech schwätze fir mech, dat ass jo flott, dat kriss de 15 Podcasten ze lauschteren an da gëss de gewuer wat do leeft, an dunn waren et der 70. Bon, duecht ech, déi nächste Kéier frees du virdrun : ) Et waren der immens vill, mä et ass flott, datt s de se geballt beieneen, déi s de soss misst siche goen, beienee kriss. Et war esou e richtege Crashkurs fir mol ze gesi wat esou leeft an deem Beräich.

Seet d'Josée Hansen, an si 4 koumen och séier op e gréngen Zweig bei der Selektioun vun de Podcasten an de Gewënner, seet de Bernard Michaux:
Mir hunn alles decidéiert bei engem Mëttegiessen, mir waren eis am Fong séier eens. Mä wann een iwwert all d'Podcaste muss schwätzen a mir hunn iwwert se all am Detail geschwat, da vergeet awer schonn eng Zäit an bei deene meeschte ware mir eis wierklech all eens.

D'RTL Podcast Awards goufen an dräi Kategorien agedeelt. An der Kategorie ''Corporate'' waren et d'Podcasten, déi vun Entreprisë gemaach ginn oder gemaach gi loossen. Gold goung ënnert anerem un de Podcast "Mäin Element" vum Fonds National de la Recherche, dee vum Journal produzéiert an och gehost gëtt.
Den Didier Goossens vum FNR freet et immens, datt d'Wëssenschaft mat hirem Podcast esou gutt eriwwer kënnt.
Mir wollten awer och weisen, datt déi Leit, déi d'Wëssenschaft maachen, genee esou spannend Perséinlechkeete sinn an datt mir dëse Projet zesumme mam Journal konnte maachen an datt mam Max Kasel och eng Persoun hunn, déi d'Fuerscher à l'aise ka setze fir déi Gespréicher ze maachen, well dat hänkt och vum Moderator of an datt mir do déi Perséinlechkeeten erauskréien, dat ass flott fir déi Diversitéit vun deene Persounen ze weisen.

Nieft der Kategorie vu Privatleit gouf et och de Publikumspräis, fir deen de Public op RTL.lu konnt ofstëmmen. Duerchgesat hat sech do de Podcast "Gëlle Fro". Den Tom Bosseler war begeeschtert.
Mir haten och en Opruff gemaach op Instagram, eis Leit, eis Audience e bëssi motivéiert fir ze voten. Et si vill Jonker, déi hu sech extra nach en Account bei RTL gemaach fir eis do ze ënnerstëtzen. A mir sinn natierlech mega dankbar,datt dat geklappt huet, natierlech.

Iwwregens dëse Samschden kënnt déi 50. Episode vun der ''Gëlle Fro'' eraus an do héiere mir een, déi mir hei op RTL gutt kennen. Virwëtzeg? Da musst de hiren Podcast lauschteren.

RTL

© Henri Schwirtz

RTL

© Henri Schwirtz

RTL

© Henri Schwirtz

RTL

© Henri Schwirtz

RTL

© Henri Schwirtz

RTL

© Henri Schwirtz

Alleguer d'Gewënner an d'Fotoe vun der 1. Editioun vun den RTL Podcast Awards fannt Dir op