Top, die Wette gilt! Et kann een hautdesdaags jo bal op alles wetten, sief et ob Nimm vun neie Memberen an enger Kinneksfamill oder natierlech och op Sport-Resultater. An do ass et da wéineg verwonnerlech, dass d'Wettbüroen fir déi aktuell Fussball-Weltmeeschterschaft all Dag hir Quoten nei rechnen.

08/12/2022 Sportwetten op der Fussball WM

An et soll ee jo net denken: Wat wier gewiescht wann? Mä, bei verschiddene Matcher hätt een do kéinten nawell vill Suen maachen.
 
Dat sinn natierlech dann déi Matcher bei deenen dee gewonn huet mat deem een elo net onbedéngt gerechent hätt. Beispill d'2:1 Victoire vu Saudi-Arabien géint Argentinien. Do hätt ee kéinten säi Gewënn ver-20-fachen. Also mat 10 Euro Asaz dann um Enn 200 Euro gewannen wann een dann op eng saudiarabesch Victoire getippt hätt . Ee Mann hat 160.000 Dollar drop gewett, dass Argentinien géif gewannen. Dat war da wuel näischt. Och bei der Aachtelsfinall en Dënschdeg Spuenien géint Marokko waren d'Quoten op der Säit vu Spuenien. 6,50 wieren et gi wann een 1 Euro op Marokko gesat hätt. d'Quot fir Spunien war also mat 1 zu 1,57 däitlech besser, och wann et de Spuenier näischt gehollef huet.

RTL

© afp

Fir déi di elo nach wëllen wetten, ob wat kann een do alles wetten?

Et kann ee scho bal froen, ob wat kann ech net wetten? Bal alles ass méiglech. Ofgesinn dovunner wie gewënnt a wéi vill Goler falen och wéi eng Equipe den éischte Gol schéisst, ob béid Equippen iwwerhaapt e Gol schéissen, d'Zuel vun de Goler an dat geneet Resultat. Elleng fir d'Partie an der Véirelsfinale Kroatien-Brasilien ginn et op enger bekannter Wettplattform fir dee Match 119 verschidde Wetten. Wien 10 Euro op eng brasilianesch Victoire setzt, kritt dofir 13,60 Euro wann d'Südamerikaner weider kommen. Mat 5 Goler läit de franséischen Nationalspiller Kylian Mbappé jo vir an der Tabell vun de meeschte Goler. Wa sech dorunner näischt ännert ginn et fir 10 Euro Asaz 15,30 Euro zréck.

Wie gëtt dann elo Weltmeeschter wann et deene Leit nogeet déi d'Quoten festleeën?

Do huet den Ament Brasilien d'Nues vir. Fir een Euro Asaz kréich een do 2,75 Euro zréck. Duerno kënnt Frankräich op der 2. Do wier dann d'Quot 1:5. Duerno op der 3 England virun Argentinien, Portugal an Holland. Wien elo 1 Euro drop setzt, dass Kroatien Weltmeeschter gëtt, fir dee wieren et da bei enger kroatescher Victoire 34 Euro. A Marokko déi jo scho gewisen hunn dass se fir eng Iwwerraschung gutt sinn, bei deenen ass d'Quot 1 zu 41.

RTL

© afp

Wien elo manner kéng ass, dee kann dann op de Finalist setzen. Och do huet logescherweis Brasilien déi niddregst Quot: 1 zu 1,80 a bei Kroatien kritt ee fir 1 Euro Asaz 15 Euro zréck. Wien dann elo schonn der Meenung ass, dass d'Finale bei dëser Fussball-Weltmeeschterschaft Holland géint Marokko heescht, dee setzt dann 10 Euro op dës Kombinatioun a gewënnt wann e soll Recht behalen 670 Euro.

A kann deemno wéi dann och ganz vill Suen verléieren...