
© Pixabay
Wann der vun enger onbekannter Telefonsnummer ugeruff kritt, hieft der dann op? Wann der also d'Nummer net kennt oder déi mol guer net affichéiert gëtt.
A wat ass wann domadder Mëssbrauch bedriwwe gëtt? Mir hu beim Direkter vu Post Telecom dem Cliff Konsbruck nogefrot deen erkläert wat dann iwwerhaapt eng Secret-Nummer ass:
"Eng Secretsnummer ass eng Nummer déi net ugewise gëtt wa vun där Nummer aus ugeruff gëtt. Beim Festnetz ass et eng Astellung déi allgemeng gëllt, dat heescht wann een do eng Secretsnummer huet, gëtt déi ni ugewisen. Um mobillen kann ee pro Appell decidéieren ob ee seng Nummer wëll uweisen loossen oder net"
Ugeholl ech kréien elo an der Nuecht permanent ugeruff. Oder am Dag esou dacks, dass ech dovunner genervt sinn. Wat kann ech da maachen? Dierf d'Post esou Nummeren erausginn?
"Do kann ee sech effektiv bei der Post mellen. Et ass och esou am Gesetz virgesinn dass een dat ka maachen. Dat ass eng Ufro déi vun eisem Service juridique traitéiert gëtt déi da feststellen ob et repeté a malveillant ass. Wann dat de Fall ass, gi mir déi Nummer un déi Persoun eraus déi ugefrot huet."
Och wann een elo op sengem Festnetz eng Secret-Nummer huet oder dat beim Handy ausgeschalt ass, ginn et Plazen op deenen se dann awer ugewise gëtt: nach eemol de Cliff Konsbruck:
"D'Nummeren ginn d'office bei engem 112 oder 113 ugewisen. Déi musse kënne retracéieren vu wiem se ugeruff ginn"
A wéi gesot wann der am Fall sidd, dass der vun esou Nummeren ugeruff kritt an dovunner genervt sidd, mellt iech bei ärem Provider

© POST Luxembourg