Haut ass de Welthypnosedag dee genotzt gëtt fir d'Method vun der Hypnose méi bekannt an der Ëffentlechkeet ze maachen. An deem Kontext eng Rei Informatiounen zu der klinescher Hypnose déi vu Fachlait aus dem Gesondheetssecteur duerchgefouert gëtt. Wat sinn seriö Techniken déi ugewannt ginn? A wéi enge Fäll bitt dës Formule sech un? Wéi gesäit esou eng Seance praktesch aus? Den Dr. Marco Klop huet Detailer.

04/01/20'23 Journée mondiale de l'hypnose

Wat méi schlëmm ass, ewéi dat wat een am Zirkus heiansdo gesäit ass d'Streethypnose, Leit déi op der Strooss deen een oder aneren hypnotiséieren. Dat si geféierlech Praktiken. Mir wëllen sensibiliséieren, dofir ass déi Journée gemaach, fir d'Hypnose clinique. Dat sinn déi Techniken an der Hypnose déi gebraucht ginn am Kader vun der Gesondheet, sief dat beim Dokter, an de Soin'en, beim Psycholog, beim Psychotherapeut, alleguer déi Leit déi an der klinescher Hypnose ausgebilt sinn.

Ier mer bei d'Technike kommen déi an der Hypnose ugewannt ginn, kuerz d'Explikatioun vum Zoustand andeem de Patient deen Ament ass. Dat wat den Dram am Schlof ass, dat ass d'Hypnose am Waakreg sinn.

Déi Techniken vun der Hypnose déi mer brauchen, dat si Kommunikatiounstechniken fir mat de Leit ze schwätzen, vir eng Bienveillance an der Kommunikatioun ze hunn, Respekt... an da seet ee sech, wat huet d'Hypnose dann anescht ze dinn wéi just normal ze schwätzen? Mee doduerch dass ee verschidden Techniken vun der Hypnose uwent bréngt een d'Leit an en Zoustand wou se vill méi op sinn fir Suggestiounen oder fir sech wuel ze spieren. Sou wéi an der Relaxatioun. Et sinn och ganz vill Relaxatiouns-Techniken déi an der Hypnose gebraucht ginn. Dat ass ganz enk matenee verbonnen.

Et geet also vill drëm, dass de Patient sech à l'aise spiert. A wéi enge Fäll kann ee klinesch Hypnose probéieren? Dat ass extraem villsäiteg. Dat geet vun einfach relaxéieren iwwer Angschtbekämpfung, Schmäerztherapie, Psychotherapien, fir verschidden Tic'en ze behandelen. Et gëtt d'OP ënner Hypnose. Et gëtt se fir opzehale mat fëmmen. Wéi vill Scéancen sollt een fir seng Behandlung aplangen, dat sollt ee relativéieren, sou den Dr. Mrco Klop

Dat hänkt vun den Uwennungen of, vun deem wat ee brauch. Do ginn et verschidden Traitementer déi méi laang daueren. D'Hypnose ass en Outil deen ee gebraucht. Dir gitt net bei en Hypnotherapeut, Dir gitt bei entweder e Psycholog, en Dokter oder an d'Spidol. Wann et ass fir eng Phobie, eng Angscht, do kann et scho sinn, dass e puer Seancen néideg sinn. Zum Beispill opzehale mat fëmmen, dat hänkt och vun de Leit of. Et ass jo eng Volontéit vun de Leit déi muss do sinn. D'Leit musse wëlle matschaffen. Et geet net duer, dass een einfach nëmmen an de Fanger klappt an dann hält ee vun Haut op Muer op mat fëmmen. Par konter all déi aner Saachen, do ass et fir mam Therapeut ze kucken wéi laang een an d'Seance geet. Meeschtens ass et esou, dass d'Seancen kuerz sinn an dass een net ze vill dacks muss goen.

De Wëllen muss oballefall scho mol do sinn. Mat Hypnose eleng ass et net gedo. Wéi gesäit d'Erfollegsquote dann aus?

Do huele mer zum Beispill d'ophale mat fëmmen. Do ass d'Erfollegsquot liicht iwwer deem wat déi aner Techniken hunn wéi Patchen oder esou. Natierlech kann een déi verschidden Techniken kombinéieren an dann uwennen. Mee, wéi gesot, et ass eng Saach vun och wëllen. Och bei deenen anere Saachen, beim Wéi, bei der Phobie asw, do ass d'Erfollegsquot relativ héich. Mee et ass eng Kombinatioun vun all deene Saachen déi matspillen. Et ass net nëmmen d'Hypnos eleng.

Wien Ënnerstëtzung sicht a wien sech duerch déi klinesch Hypnose wëll hëllefe loossen, Informatiounen ginn et beim Hausdokter, beim Therapeut, am Spidol.