
© pixabay.com
Ëmmer méi Fuerscher loosse sech bei hiren techneschen Innovatiounen vun der Natur inspiréieren. An dass do nawell ganz interessant Saachen dobäi erauskommen, beweisen direkt e puer Publikatiounen aus dësem Joer, Nicky Soisson.
Ugefaange mat Okra, enger tropescher Planz déi vill an afrikanesche Rezepter benotzt gëtt an an an der Medezin ka Wonner wierken. De Malcolm Xing vun der Uni vu Manitoba a Kanada huet dat gréngt, pechegt Geméis ënnersicht a festgestallt, dass sech dee gedréchente Jus vun der Planz pulveriséieren an an e bioadhesive Gel verwandele léisst. Dëse kéint ee bei Operatioune benotze well e Bluddunge stoppt wann e wéi e natierleche Verband opgeluecht gëtt. Den Okra-Gel gouf dann och schonn u Muppen a Kanéngercher getest an huet an nëmmen enger Minutt Bluddunge gestëllt ouni dass huet misste gebutt ginn. Versich u Mënsche sinn iwwregens fir déi nächst Jore virgesinn.
A propos Muppen: D'Fréierkennung vu Kriibs mat konventionelle Methode wéi dem IRM oder der Mammographie ass dacks invasiv an deier. Dofir setze Wëssenschaftler ëmmer méi op Déieren. Fir eng Etüd vun der Uni Sorbonne Paris Nord, déi allerdéngs nach net vun onofhängegen Experte gepréift gouf, krute Seechomessen Zockerwaasser als Belounung, wa si et fäerdeg bruecht hunn de Pippi vu Mais mat oder ouni Kriibs ze ënnerscheeden. Ronn 100 Insekten hunn et fäerdeg bruecht Eeërstackkriibs an 2 verschidde Forme vu Broschtkriibs zu 95% richteg ze erkennen. Iwwerdeems Hënn op mannst 6 Méint brauche fir am Erkenne vu Kriibs forméiert ze ginn, kënne Seechomessen dat a manner wéi enger Stonn léieren!
Vun de Seechomessen dann eriwwer bei d'Glüwürmercher. Dës hu Fuerscher um renomméierte Massachusetts Institute of Technology (MIT) nämlech inspiréiert fir Mini-Dronen ze entwéckelen, déi beim Fléie liichten. Dofir hu si Roboter mat Flilleke mat kënschtleche Muskelen equipéiert. Wann dës Dronen, déi liichten, mat Sensoren ausgerëscht ginn, kéinte si bei Rettungsaktiounen an agestierzten Haiser do agesat gi wou méi grouss Roboter net era passen.
Wien un de Spaut vun de Kéi denkt, dee wäert sech vläicht als éischt mol schudderen. Ma eng Etüd, déi am September publizéiert gouf, weist, dass dëse Schläim effikass géint d'Verbreede vu sexuell iwwerdrobare Krankheete wéi HIV oder Herpes agesat ka ginn. Hei ass eng Protein mam Numm Muzin dran déi anti-viral wierke kéint. Tester am Labo hu gewisen, dass dëse Schläim a Form vu Gel de Risiko HIV ze iwwerdroen ëm 70% erofsetze konnt, bei Herpes waren et souguer 80%.