Houscht an Halswéi, Schnapp a midd. Näischt Neits an dëser Joreszäit, ma nerve maache se trotzdeem ëmmer, déi Erkältungen. Dat ass gewosst. Fir dës séier nees lass ze ginn, huet een nawell gären d'Tendenz zu enger ganzer Armada vu klasseschen Hëllefsmëttel zréckzegräifen. Ma net all Medikament oder Rotschlo déi et géint Erkältunge ginn, hëllefen och wierklech. Verschiddener schuede souguer méi wéi se notzen. Nicky Soisson.

05/01/2022 Erkaalt? Dann net dës Feeler maachen

Bei engem grippalen Infekt, wéi dat medezinesch heescht, sollt ee sech schounen, gëtt ëmmer gesot. An do ass och eppes dru well déi Virusse kënnen den Häerzmuskel ugräifen an eng Myocardite ervir ruffen wéi den Dokter Nico Haas erkläert:

"Dann ass den Häerzmuskel geschwächt an dat kann zu Rhythmusstéierunge féieren. Also et sollt een elo kee grousse Sport maachen, et soll ee sech schounen. Et soll een awer och, wann et nëmme geet, sech e bëssi beweegen, net nëmmen total am Bett leie well wann een 3-4 Deeg total am Bett läit, da riskéiert een, dass ee ka Komplikatioune kréien vun deem am Bett leien, besonnesch Leit déi gefäerdet si fir Thrombosen ze maachen."

Vill Leit gräifen dann och bei Erkältungen gären zu Antibiotiquen. Ma dës brénge bei klasseschen Erkältungen absolut guer näischt. Well si si fir Krankheete geduecht déi duerch Bakterien ausgeléist ginn an dat ass bei engem "grippalen Infekt" nu mol net de Fall. 

Nuesespray gëtt nawell gären dann agesat wann de Rüssel zou ass. Normal, dësen ass jo och dofir do fir d'Schläimhaut an der Nues ofzeschwëllen. Ma esou e Spray soll een awer nëmmen am Noutfall benotzen, zum Beispill virum Schlofe goe fir besser ootmen ze kënnen. Et soll een do generell virsiichteg sinn:

"Do gëtt et Nuesesprayen déi si méi oder manner gutt. Déi eng dréchenen d'Nues manner aus wéi déi aner an da kënnt et och manner zu Bluddungen. Dofir musst Dir dann Ären Dokter froen, dee gëtt Iech do schonn e Rot op wat Dir Iech do sollt aloossen."

An a Propos Nues: De Schläim muss eraus. Dee soll een awer op kee Fall an der Nues eropzéien. Well da lant dësen am Hals a kann do eng Entzündung ausléisen. Ma och beim Schnäize soll een oppassen. Wann een ze staark trotert, da kann de Schläim an de Sinusse landen. An eng Sinusite ausléisen. Och blöd.

Generell soll een dem Kierper dann och genuch Flëssegkeet zouféieren, virun allem wann ee Féiwer huet. 

"A wann een eppes hëlt wat Féiwer senkt, ass et och net gutt egalwat ze huelen. Verschidde Stoffer senken d'Ofwierkräfte par Rapport zu aneren. Do sollt een dann einfach nëmmen op déi banaalst Mëttel iwwergoe wéi einfache Paracetamol, den Ibuprofen nëmmen huele wann ee méi staark Péng spiert."

Wann een elo Téi drénkt, da soll ee sech bewosst sinn, dass net all Zort ubruecht ass. Dem ORL no, sollt een, grad wann ee krank ass, virsiichteg mat Peffermënz- a Kamillentéi sinn. Literweis däers Téi erofschëdde kéint d'Schläimhait effektiv ausdréchnen. Och Téi mat Gingembre sollt een nëmmen a Moossen drénke well dëse verdënnt nämlech d'Blutt.