
© Jean-Paul Reding
Dëse Weekend gëtt et erëm lass mam Auto Festival iwwerall am Land. Dofir hu mir den RTL Reporter op de Garagen Tour geschéckt. An den Dan Vinkowski huet bei de Garagisten nogefrot ob alles prett ass, wéi d’Elektro Autoen ukommen, an op der éischter Etapp zu Hiefenech, wéi wichteg den Accueil vun de Client’en ass ?
Zu Hiefenech am Garage Thommes, treffe mer den Tim Welter, de schonn zanter 50 Joer am Garage schafft, an dës vum Här Thommes iwwerholl huet. Hien huet alles do materlieft vun der Pëtrols Kris an de 70er Jore bis bei den éischten Elektro Auto fir de Grand Public am Joer 2012, de Zoe. Mir schwätzen awer och doriwwer wéi wichteg de perséinleche Service fir de Client ass, a kucken am Web Reportage an den Atelier a wéi en sech verännert.
Méi Informatioune ronderëm d’Elektro Mobilitéit, awer och wéi des Technologie den Atelier verännert huet, gitt der an engem Web Reportage gewuer, iwwert radio.rtl.lu

© Dan Vinkowski

© Jean-Paul Reding
