
© Chris Schagen
Aus dem Osten an de Minett an e weidere Famillje Betrib, och wann dëse scho relativ grouss ass. Den Dan Vinkowski geet beim Miriam Muzollini zu Esch Uelzecht der Fro no wéi een de klassesche Public un d’E-Mobilitéit ka gewinnen. Den RTL Reporter kuckt sech awer och de Cockpit vun engem néien Elektro-SUV un
Am Garage Muzzolini zu Esch, froe mer d’Madamm Muzzolini op alles prett ass, a wat firt speziell Modeller et exklusiv ze gesi gëtt fir de Festival. Mam Directeur Commercial dem Hugo Borges klamme mer an en Elektro SUV, kucken eis de futuristesche Cockpit un, a froen no wéi de Public d’Elektro Mobilitéit an esou Autoen unhëlt, a wéi all déi verschidden Applikatiounen a Computer u Bord de Leit beim fueren a Stroum Tanken hëllefen.
Nach méi Informatiounen iwwert di neiste Modeller fir de Festival, Test Faarten, awer och e klenge Bléck an d’Zukunft mam autonome Fueren kritt der zesumme mam Link bei de Garage iwwert radio.rtl.lu.

© Chris Schagen

© Chris Schagen