
© Francis Reydel
Amerika läit zu Nidderkuer, den Androck hat den RTL-Reporter bei der Patronne, dem Carine Collé, mat all de spezielle Modeller virum Garage. Den Dan Vinkowski krut awer do och eng Elektresch Camionnette gewisen
Am Garage Collé zu Nidderkuer, checke mer eng E-Camionnette zesumme mat der Cheffin dem Carine Collé, si erzielt eis awer och firwat et esou flott ass an engem E-Mustang ze fueren, den Sie och privat fiert. Mir gi gewuer wéi eng US Autoen a verschiddene Versiounen speziell fir de Festival presentéiert ginn, firwat dës grouss Ween esou beléift sinn hei am Land, froen awer och firwat beim Festival ëmmer esouvill knalleg Faarwen am Show Room stinn, obwuel de Public, meeschtens léiwer méi sober Faarwe fir d’Autoen eraussicht.
Firwat d’Lëtzebuerger gären amerikanesch Dream Cars fueren, wat et do schonn an der elektrescher Versioun gëtt, a firwat d’Autoen am Show Room esou knalleg Faarwen hunn gitt der an engem Web Reportage gewuer, op radio.rtl.lu kritt der och all d’Linke bei dës Autoen.

© Francis Reydel
