An Däitschland huet den Bundesgerichtshof (BGH) decidéiert, dass d'Riets Virfaart op private Parkingen net méi gëllt. Mee wéi gesäit et hei zu Lëtzebuerg aus?

19/01/2023 Wien huet Virfaart um Parking?

De Grond heifir ass, dass d'Automobilisten nach méi Récksiicht een op deen aneren sollen huelen an hir Vitess reduzéieren, well fir d'éischt muss gekuckt gi wien da soll fueren. Den Tim Wagner vun der Fahrschoul Wallheimer erkläert eis wat an eiser Legislatioun dann a punkto Parking steet.

"Op engem Parking ouni Beschëlderung gëllt riets Virfaart, wann een de Parking verléisst, muss een seng Virfaart u sämtlech aner Gefierer ofginn. E Proprietär vum Parking ka selwer decidéieren wéi eng Beschëlderungen hien op sengem Grondstéck wëll setzen. Wou een sech dann natierlech och muss drun halen."

Zu Lëtzebuerg bleift et da bei riets. Och op engem Parking gëllt et am Verkéier gutt uecht et ginn an do muss een seng Aen iwwerall hunn, op Leit, déi mat hirem Caddie do trëppelen; Kanner, déi do hopsen a sprangen, eng ganz Rei aner Gefierer, déi aus enger Parkplaz eraus wëllen an anerer eran, an nach anerer sichen eng an halen domadder de ganzen Betrib op. Och beim Erausmanövréiere muss ee gutt Uecht ginn, op aner Persounen an aner Autoen. Dofir d'Vitess an esou Situatiounen op Schrëtttempo reduzéieren, fokusséiert an awer och opmierksam fueren, fir kënne säi Gefier zu all Ament stoppen ze kënnen. Dat schéngt Iech elo vill ze verhalen, nach emol den Tim Wagner.

"D'Gesetzgebung ass an Däitschland eng ganz aner wéi hei bei eis. Do ass et punkto Parking däitlech méi reglementéiert. Bei eis ass an der Legislatioun do manner ze fannen."

Zu Lëtzebuerg kann de Besëtzer dann och den Accès op säi Parking zoumaachen, zum Beispill mat Barrièren oder Ketten. Et kann een och decidéieren ob Camionen op säi Parking stelle léisst oder net, well dës Gefierer ganz vill Platz ewech huelen, an doriwwer net all Besëtzer frou ass.
D'Vitess um Parking ass geschëldert sou wéi och d'Richtung an déi d'Autoen ze fueren hunn. Déi genannte Punkten fënnt een awer net an der Legislatioun, well et handelt sech ëm e privaten Terrain an do decidéiert de Proprietär.

 

RTL

© default