Aus Al maach Nei, oder wéi een haut seet: Upcycling. Dat gëtt och bei eis ëmmer méi en Trend. Manner konsuméieren, méi recycléieren an erëm benotzen. Den RTL Reporter war fir eis op 3 verschiddene Plazen, wou déi Iddi ëmgesat gëtt. Zanter iwwer 3 Joerzéngte gëtt et d’Nei Aarbecht zu Hielem. A beim Dan Vinkowski op der Plaz war erëm richteg eng lass.

24012023RTLReporter-UpCycling 6h20 Radio

Bei der neier Aarbecht, bréngen se net nëmme Mënschen zeréck an den Job, mee si maache schonn Upcycling zanter 1986, wou et de Begrëff emol nach net gouf. An hirem flotte Buttek zu Lorentzweiler (Hielem) treffe mer den Direkter vum CNDS den Raoul Schaaf an de Chef vum Buttek de Charel Kneip, dei eis iwwert d’Evolutioun an déi vill Aktivitéite schwätzen.

Méi Geschicht a Geschichte vun der néier Aarbecht, och iwwert hiren Online Succès, héiert der an engem Web Reportage, iwwert radio.rtl.lu kritt der och Fotoen aus dem Buttek an de Link mat den Ëffnungs Zäiten.

24012023RTLReporter-UpCycling 6h20 Web
RTL
RTL
RTL
RTL
RTL
RTL

© Dan Vinkowski

RTL