Och bei eis am Land gëtt vill konsuméiert, vill ewech geheit, awer och vill recycléiert. Den RTL Reporter war erëm uechter d'Land ënnerwee an dobäi huet den Dan Vinkowski 3 Plaze besicht wou Upcycling grouss geschriwwe gëtt. Dës Kéier am Minett, zu Déifferdeng beim CIGL wou alles mat zwee Rieder als Occasioun ugebuede gëtt.

24012023RTLReporter-UpCycling 7h10 Radio

De CIGL gëtt ass iwwerall am Land aktiv. Zu Déifferdeng am Vëlo Occasiounsbuttek, empfänkt eis den Haico de Munnik, de selwer passionéierte Vëlos Fuerer ass, hien erkläert eis kuerz wéi de CIGL funktionéiert, wat am Vëlosbuttek alles ugebuede gëtt. Duerno entdecke mer den Atelier wou d’Vëloe gefleckt ginn an den Här Munnik erzielt och wat fir aner Aktioune mat Vëloen si fir Grouss a Kléng organiséieren.

Et gëtt och vill Animatioun fir Grouss a Kleng ronderëm d’Vëloen zu Déifferdeng. Am Web Reportage gitt der och gewuer, wat der kënnt spueren wann der en Occasiouns Vëlo kaaft. Zesumme mat Fotoen an dem Link, fannt der dat alles iwwert radio.rtl.lu

24012023RTLReporter-UpCycling 7h10 Web
RTL

© Dan Vinkowski

RTL
RTL
RTL