
© Chris Schagen
Zu Esch Uelzecht gëtt grad e ganzt Duerf aus recyceltem Material nohalteg gebaut, de BENU Village. Den Dan Vinkowski huet sech als RTL Reporter emol ugekuckt wéi wäit d’Aarbechten elo do sinn, an de Néieschen am Upcycling Bitz Atelier iwwert d’Schëller gekuckt
De Georges Kieffer baut schonn zanter Joren u sengem BENU Village zu Esch Uelzecht, alles nohalteg a mat recuperéiertem Material ouni Gëft Stoffer. Atelier’en, Restaurant’en, Shop’s, Schräinerei, villes ass do schonn aktiv, aner Deeler ginn nach gebaut. Mir kucken eis de Bitz Atelier an den Occasiouns Kleeder Shop méi genee un, froen awer och, wat jidderee vun eis do ka vu Material ofginn.
E Besuch an hirem Pop Up Kleeder Store a méi Informatiounen iwwert d’Aktivitéiten an d’Visioune vum BENU Village zu Esch kritt der mat engem Web Reportage, ville Biller an dem Link iwwert radio.rtl.lu

© Chris Schagen

© Dan Vinkowski

© Chris Schagen

© Chris Schagen

© Chris Schagen
