
© Chris Schagen
Et ass e wichtege Moment fir d’Elteren an d’Schüler, de richtege Lycée erauszesichen. Dofir lafen elo erëm iwwerall d’Portes Ouvertes un. Den RTL Reporter huet sech ee Lycée méi genee ugekuckt. Am Lycée Ermesinde ginn d’Schüler anescht op d’Liewen an d’Aarbechtswelt preparéiert. Den Dan Vinkowski huet dofir d'Schüler an d’Direktioun getraff.
Mir hunn eis eng ganz speziell « Portes Ouvertes » erausgepickt a besichen den Lycée Ermesinde zu Miersch. Am Ufank gouf dës Schoul néie Lycée genannt. An der Cafeteria Gëlle Fra déi vun de Schüler als « Entreprise » selwer geféiert gëtt drénke mer de beschte Choky vun der Welt. Stäerkte viru Schwächten ass de Motto vun dësem Lycée, de Sous-Direkter den de Philippe Demart erkläert eis de Lycée an d’Schüler erzielen eis wat hir Stäerkte sinn.
Méi Stëmmen, Erfarungen an a gudde Choky mat Allem aus der Cafeteria Gëlle Fra, ginn et an engem Web Reportage op radio.rtl.lu, hei fannt der och Biller an de Link bei de Lycée Ermesinde.

© Chris Schagen

© Chris Schagen

© Chris Schagen

© Chris Schagen

© Chris Schagen

© Chris Schagen