007, déi Zuele Kombinatioun geet duer a jidderee weess, mir schwätze vum James Bond. "Bond in Motion" ass elo eng aussergewéinlech Expo an deem Kontext iwwerschriwwen. Ze gesinn zu Bréissel am Palais 1 vum Expo Center um Heysel.

De Christian Schmit war sech dat emol ukucken, a koum ganz begeeschtert erëm.

24/01/2023 Expo Bond in Motion zu Bréissel (MAT USO)

Jo ech géif esouguer behaapten, ob elo James Bond Fan oder net, déi doten Expo ass wierklech gelongen a remarkabel. Op 6000m2 daucht een an an d'Welt vun den James Bond Filmer, an dat vum alleréischten bis zu deem leschten dee gewise gouf.

De 7. Dezember 2022 war d'Inauguratioun, a bis dato si schonn iwwer 35 000 Visiteuren do passéiert.

De Pierre Lalmand, Curateur vun der Expo mat Explikatiounen.

RTL
RTL

On a essayé de faire quelque chose de très immersif, d'avoir vraiment de faire une expérience au visiteur des émotions qu'on peut avoir dans ses films. Tout est fictif on le sait, mais rien n'empêche qu'on aime se projeter la dedans. Donc on a énormément de voitures. Des engins de conduite qui sont disponibles. J'insiste que se sont tous des pièces originaux des films James Bond.

Vu London aus dem Covent Garden koum si, wéi gesot, am Dezember no bei eis op Bréissel.  Eon-Productions ass jo fir all James Bond Film responsabel.

RTL
RTL

Alors on arrive dans une caverne Alibaba ou on trouve 300 Aston Martin. Parce qu'il faut savoir pour certaines scènes on a besoin deux, trois, autre jusqu'à neuf voitures, comptant ceux qui sont cassées. Donc on sélectionne toute une série de pièces et on avait un objectif de 3000m2 et à la fin on était à 6000m2 tellement il y avait des pièces intéressantes.

De Stock un original Requisiten do ass einfach nëmmen enorm gewiescht.

De Pierre Lalmand verzielt mir dann och dass e sech fir "Bond in Motion" bewosst net fir eng Chronologie vun de Filmer entscheet huet, mee?

Il faut se rendre compte que James Bond est un ambassadeur de multimodalité parce qu'il utilise des voitures, des motos, mais aussi des hélicoptères, des bateaux, des avions et hovercraft. Et donc on est parti sur une mise en scène avec les quatre éléments. La terre, la mer, le feu et l'air.

Di passend Zeen zum Auto oder Objet kann een dann och nach op engem klengen Ecran niewendru suivéieren. 

Première zone, qui est la zone Air, la on trouve tout ce qui vole. Des hélicoptères, des paragliders. Et ensuite on continue dans la zone Eau. la on trouve un Ice dragster qui a fait une performance sur un lac gelé. Les bateaux bien sûr les Q Boat. La zone Terre, bon là se sont les voitures qui roulent. Les voitures originelles des films, les Rolls Royce, Lotus, BMW et Aston Martin.

Et puis on arrive dans la zone feu. Dans tous les films de James Bond il y a quelque chose qui explose donc là  on voit tout ce qui explose.

A natierlech, wéi esou dacks beim Film, gesäit een dass och mat Maquette geschafft gouf an Improvisatiouns Talent erfuerderlech ass. 

E weideren Highlight ass de Bar an der Mëtt vun der Expo, an do gëtt "of course" och en original Vodka Martini gemixt wa gewënscht. Eegens fir Bond in Motion gouf e Bar Keeper engagéiert. Kleng Anekdot nach heizou. Alt bis zu 1000 där Wodka Martini huet dann alt scho missten an engem Dag mixen. Et schéngt es, dass genee wéi mir, der vill wëllen des Expo "in style" ausklénge loossen. Ma dann Cheers.

RTL

Bond in Motion nach bis de 14. Mee 2023 zu Bréissel am Palais 1 vum Expo Center um Heysel. Avis aux amateurs.

D'Expo Bond in Motion ze gesi bei eis op www.rtl.lu Ganz vill Impressiounen huet de Christian mat bruecht. Bei eis fannt dir och de Link op de Site vum Organisateur mat all de prakteschen Detailer.

Link: www.007.com