
D'Weltfoire fir Booter a Yachten an alle Faarwen, Gréissten a Formen, dat ass am Moment zu Düsseldorf. Mee och alles wat mat Waasser a Waassersport ze dinn huet ass hei vetrueden.
Jo a fir all Budget ass och eppes dobäi op der Boot 2023 déi nach bis dëse Weekend inclus leeft.


Düsseldorf um Rhein zënter 53 Jahren Heimathafen a Motor fir den internationalen Waasser Sport. All Facetten an Topmarken sinn u Bord. Ob elo Segelboot oder Motorboot vun der Jolle bis zur Luxusyacht ass alles ze gesinn. Mee och Tauchen, Surfen, Paddelen oder Fëschen sinn hei en Thema.
Kloer esou eng Welt Foire muss och Innovatives bidden. Mat Candela, the flying boat, ass wierklech e ganz gutt Beispill heifir. Technesch ausgefeilten Produiten wann de Budget da nu wierklech absolut keng Roll spillt.
A mam Boot kann et jo och op d'Rees goen. "Destination Seaside" heescht deen Departement op der Foire deen sech ëm di touristesch Offere këmmert. Op elo um Mier, Floss oder um Séi alles ass méiglech.
Mir hu Rendezvous mam Petros Michelidakos, Projektleiter op der Boot 2023.


Hier gibt es eigentlich keinen Unterschied, jeder kommt mit dem gleichen Ticket herein. kann sich auch, wenn die Zeit und die Termine es erlauben, sich auch mal eine grosse Yacht anschauen, auch wenn es nur zum träumen ist. Aber vor allem kann er sich damit beschäftigen welche Wassersportart am besten zu ihm passt. Corona war ein richtiger "Accelerator", ein Beschleuniger in der Nachfarge nach Lösungen in der Freizeitschifffahrt wie wir in Deutschland sagen.
130 Natioune sinn op der Boot vetrueden. Mohaltegkeet an alternativ Energiquellen, dat ass scho méi laang en Thema an der Branche.

Wir werden in diesem Jahr ein neues Material präsentieren von der Firma Benneteau. Die ein Material in der Zukunft nutzen das zu 100% recylebar ist. Was ganz neu ist, ist das "Blue Innovation Dock". Weil wir gemerkt haben dass die Kommunikation, die so wichtig ist für die Förderung der Projekte in der Nachhaltigkeit, zu wenig ist. Wir haben jetzt Politiker eingeladen die auch zugesagt haben, die Grössen der Werftindustrie, der Tourismusindustrie, der Marinas, um Lösungen zu erarbeiten in der Elektromobilität. E-Fuel, Hybrid Wasserstoffantrieb, was wird es sein?
An et ginn och scho Projeten a Produiten déi een op der Boot 2023 ka gesinn. Elektro a Solar Power Booter déi sti scho prett. Boot Foire net nëmme fir ze kucken an ze dreemen, nee hei kann een och gläich zouschloen.
Es ist absolut eine Messe wo verkauft wird. Das ist einer der Hauptgründe weshalb die Hersteller überhaupt hierher kommen. Die Investionen sind doch beachtlich und wir dürfen nicht vergessen, dass bei allem Spass und aller Leidenschaft und Emotionen die die Boot und die Wassersportbranche hervor bringt, es geht auch darum 100 000den Familien jeden Tag ein Teller Essen auf den Tisch zu geben.
En attraktive Büneprogramm gëtt dann och nach parallel ugebueden.


Boot 2023 zu Düsseldorf mat internationalem Charakter, och déi Kéier nees di 1. Adress wann et ëm Fräizait an alle Formen a Faarwen um Waasser geet. An di berümt "Handbreit Wasser unterm Kiel" muss natierlech och sinn.
Boot 2023 zu Düsseldorf entweder selwer kucke fueren, haut oder muer, oder www.rtl.lu do ginn et ganz vill Impressiounen déi de Christian vun do matbruecht huet.