Snus huet a Skandinavien well eng laang Traditioun a gëtt et do schonn zanter 1822. Wéinst de restriktive Virschrëfte wat d'Zigaretten uginn, ass dëse Produit besonnesch a Norwegen an a Schweden beléift a gëtt och an eise Géigende mëttlerweil ëmmer méi bekannt. Ma wat ass dat genee?

23/01/2023 Wat ass Snus?

Wéi een da vläicht onschwéier erkenne kann, gëtt et eng Relatioun tëscht Snus an Zigaretten. Effektiv ass et u sech näischt aneres wéi eng Form vun Oraltubak deen aus enger Preparatioun vu reng gemuelenem Tubak besteet dee mat Waasser, Salz, chemeschen Aromaen a PH Regulateure vermëscht gëtt. Sou entsteet dann e Bräi deen een entweder am Lassenen oder a klenge Säckelcher consomméiert, wéi de Pedro Marques, Responsabel vum Contrôle Tabac beim Ministère de la Santé erkläert:

"De Konsument hëlt da sou e klenge Beutel, leet sech deen an de Mond a léist deen da sou tëscht 20 an 30 Minutten awierken. Den Nikotin gëtt dann automatesch fräigesat a geet dann iwwert d'Schläimhait an d'Blutt eran."

D'Zil vun der Consommatioun vu Snus ass dann och quasi dee selwechte wéi dee vun der Zigarett:

"Et gi Leit déi huelen dat fir op Plaze wou si net däerfe fëmmen, trotzdeem un hier Dosis Nikotin ze kommen, aner Leit well se duerch d'Medien influenzéiert ginn, dat heescht do huet ee Virbiller an de soziale Medien déi dat huelen. An dat ass u sech e schlecht Beispill fir déi jonk Leit déi se wëllen nomaachen."

An der Europäescher Unioun ass de Verkaf vu Snus zanter 1992 gesetzlech verbueden, ma zanter 2021 kritt een hei awer sougenannten Nikotin pouches ze kafen. Dës gesi Snus nawell zimmlech änlech, et sinn och sou Säckelcher déi ee sech an de Mond leet.

"Et handelt sech heibäi am Fong ëm eng Strategie fir de Verbuet vu Snus ze ëmgoen. Dat heescht d'Fabrikanten hunn einfach den Tubak aus dem Produit erausgeholl an doduerch gëtt dësen dann net méi duerch d'Tubaksgesetz reglementéiert an däerf dann als Nicotin Pouch verkaf ginn. Mir, am Ministère de la Santé, sinn eis deem Problem do bewosst a mir sinn am gaangen ze kucke wéi mir kënnen déi Produite reglementéieren."

De Konsum vu Snus ass, genee sou wéi d'Zigaretten, dann och net ouni Risiko. Nieft dem Fait, dass d'Zännfleesch Schued dovunner dréit, fënnt een hei och eng Partie kriibserreegend Substanze wéi ënnert anerem Nitrosaminer. Donieft ginn et och Etüden déi bewisen hunn, dass een duerch d'Consommatioun och kann de Bluttdrock an d'Luucht dreiwen oder zu Diabetis féiere kann. Vun der séierer Ofhängegkeet duerch den Nikotin mol guer net ze schwätzen. D'Fondation Cancer weist sech dann och zimmlech besuergt. Lucienne Thommes, Directrice:

"Et muss ee scho soen, dass et beonrouegend ass ze gesi wéi eis jonk Leit mat den Offere vun der Tubaksindustrie momentan iwwerschwemmt ginn. An et gëtt dann natierlech och gesot et wier eng manner schlëmm Form vun Tubak ze consomméiere wéi ze fëmmen, mee et dierf een awer och net vergiessen, dass Snus bei wäitem net gesond ass. Et ass also keng gesond Alternativ. Tubak ass a bleift einfach schiedlech."

De Ministère de la Santé recommandéiert virsiichteg mat deene Produiten ëmzegoe well een, nieft all deenen anere gesondheetleche Risiken, eben och ganz séier kann an d'Ofhängegkeet rutschen. Ma vu dass Snus hei net ze kréien ass, bezitt sech déi Recommandatioun dann och éischter op déi Nicotin Pouches déi een aktuell nach fräi um Marché ze kafe kritt.

Snus ass deemno genee sou schiedlech wéi d'Zigaretten, just dass et hei net zu enger Verbrennung vum Tubak an deemno och net zu Goudron kënnt. Ma d'Fro déi awer nach ze kläre bleift, ass déi, firwat d'Zigaretten dann nach ëmmer erlaabt sinn.