
© pixabay.com
Bestëmmt hat dir och scho mol e ganze Koup Aarbecht virun Iech, bei deem dir net wosst, wou dir iwwerhaapt ufänke sollt. Deen engen oder anere probéiert da gäre mol duerch Multitasking sou vill Aufgabe wéi méiglech gläichzäiteg ze bewältegen. Eng gutt Iddi ass dat dacks awer net. Mir hu bei der Neuropsychologin Dr. Michèle Pisani nogefrot, firwat.
Et ginn natierlech Situatiounen an eisem Liewen, déi mir ouni Multitasking nimools léise kéinten. Dobäi kënnt et awer drop un, ob déi Handlungen, déi mir gläichzäiteg erleedegen, vill oder wéineg Konzentratioun erfuerderen. Automatismen, wéi beim Autofuere schalten an dobäi op de Verkéier oppassen, si manner e Problem, well mir se scho bal onbewosst maachen. Méi komplizéiert gëtt et bei de sougenannte bewosste Prozesser, déi méi Konzentratioun erfuerderen, sou d’Dr. Pisani:
Dat ass dee bekannte «Cocktail-Party-Effekt», dat gëtt sou an der Psychologie genannt: Mir sinn op enger Party wou vill Leit sinn a mir probéieren engem (1!) Gespréich nozelauschteren, obwuel ronderëm eis honnert anerer am Gaang sinn. Deene meeschte Leit fält et wierklech schwéier, dee Moment sech op eppes ze konzentréieren an do hu mer dann de Problem mam Multitasking, well mer probéieren, verschidde Saachen zur gläicher Zäit ze maachen.
Eis Opmierksamkeets-Kapazitéit ass limitéiert an dowéinst ass eist Gehier vun engem gewëssene Punkt un nëmmen nach iwwerfuerdert:
Mir hunn am Fong en Aarbechtsgediechtnes, an dat Aarbechtsgediechtnes ka just eng ganz limitéiert Zuel vun Informatioune späicheren. Dat heescht, wa mir zwou Saachen zur gläicher Zäit maachen, da gëtt dat Aarbechtsgediechtnes meeschtens iwwerfuerdert an dofir geschéien dann och Feeler.
Den Drang, Feeler ze verbesseren, suergt da fir Drock a léisst Stress aus, wat bekanntlech schlecht fir eis Gesondheet ass, wéi d’Dr. Pisani betount:
Wa mer Stress hunn, wa mer eis ënner Drock setzen, da ginn natierlech Stresshormoner ausgescheet an dat huet souwuel en Impakt op eis kierperlech, wéi och op eis psychesch Gesondheet. Do kann et dee Moment zu Angschtstéierunge kommen, zu Schlofstéierungen an och zu psychosomatesche Beschwerden. Et ass net Multitasking u sech, mä t’ass einfach dee Stress, deen dat ausléist, well mer ëmmer mat eisem Kapp iergendwou anescht sinn, wéi an där enger Aktivitéit, déi mir eigentlech sollten oder wollte maachen.
De Problem mam Stress leeft dobäi a béid Richtungen. Net nëmmen hu mir Stress well beim Multitaske Feeler geschéien, meeschtens multitaske mir och, well mir ënner Stress stinn.
Och wann et méi einfach gesot wéi gemaach ass, ass et bei enger gréisserer Auswiel un Tâchë besser, fir dës ze prioriséieren an der Rei no ze beaarbechten, sou d’Dr. Pisani. A well digital Medien de Multitask-Chaos nëmme verschlëmmeren, sollt ee sech vun dëse méiglechst net oflenke loossen. Sech op eng Aufgab konzentréieren an dës zu Enn bréngen, ass dobäi dat wichtegst.
Iwwregens: Datt Frae besser am Multitasking solle si wéi Männer, ass net méi wéi e Klischee. Fréier huet een ugeholl, d’Gehierhallschente vun de Frae géinge méi matenee kommunizéiere wéi déi vun de Männer, dat stëmmt allerdéngs net an ass vu Persoun zu Persoun ënnerschiddlech.