Fir de Weekend vum 28ten a 29ten Januar 2023.

28/01/2023 Weekend-Agenda

Zanter gëschter leeft d'Wantervullenzielung vu Natur an Ëmwelt. Dëse Weekend kënnt Der Iech e bëssen Zäit huelen a matmaachen
Mat der Zielaktioun kënnen déi heefegst Vullenaarten a Populatiounstrends ageschat ginn.
Et ass och e Gewënnspill domat verbonnen.

De Kaleidoskop-Theater Beetebuerg spillt  'Warten auf Godot'.
Um 20 Auer (28.01) ass eng Opféierung, a muer (29.01) um 17h30, am KulTourhaus zu Hunchereng.

Am Kader vun der Journée de la Mémoire de l'Holocauste organiséiert den Zentrum fir politesch Bildung
zesumme mat senge Partner ronn 70 Aktivitéiten zum Thema uechter d'Land.
Dëse Weekend ginn zwee Filmer a Regionalkinoen gewisen.

Am Kader vum Télévie gëtt déi drëtt Editioun vum Padel4Télévie organiséiert. Et ass schonn déi drëtt Editioun, Bernard Querinjean:
De 19te Februar ass de Schluss vun der Aktioun mat engem groussen Tournoi am Tennisclub Garisart zu Arel
wou jidderee wëllkomm ass.

An de Rotonden ass den Owend (28.01) de Vinyl Release Concert vu Bartleby Delicate.
Um 20 Auer ginn d'Dieren op.